World Triathlon CupD'Jeanne Lehair kënnt zu Hong Kong op déi 2. Plaz

RTL Lëtzebuerg
No engem enke Schlusssprint ass d'Lëtzebuergerin kuerz no der Russin Diana Isakova iwwer d'Zillinn gelaf.
© TETSUJI NOGUCHI YomiuriThe Yomiuri Shimbun via AFP

Zu Hong Kong a China stoung e Samschden eng Manche vum Triathlon-Weltcup um Programm. Bei den Damme konnt d'Jeanne Lehair sech no engem staarke Schlusssprint um Enn déi 2. Plaz sécheren.

No 750 Meter Schwammen, 20 Kilometer Vëlo a 5 Kilometer Lafen huet d'Lëtzebuergerin mat enger Zäit vun 55 Minutten an 39 Sekonnen déi 1. Plaz just knapp verpasst. D'Russin Diana Isakova, déi nom Vëlo nach 5 Sekonnen Avance op d'Lehair hat, konnt sech um Enn mat der selwechter Zäit iwwer d'Victoire freeën.

Back to Top
CIM LOGO