D’IWPT, den Organisateur vum WTA-Tennistournoi op der Kockelscheier, huet e Freideg annoncéiert, dass déi 25. Editioun op d’nächst Joer verluecht gëtt.

Et hätt ee wuel d'Erlabnis vun der WTA kritt, fir ze spillen, dann awer ouni Spectateuren, Press a VIP. D’IWPT huet deemno mat hirem Partner Octagon decidéiert, den Tournoi ze reportéieren.

Keen Tennis op der Kockelscheier/Reportage Franky Hippert

An enger éischter Phas war den Tournoi scho vum Oktober an den November geluecht ginn. Et sollt eng ganz besonnesch Woch ginn. Dat ass 2020 duerch de Coronavirus awer net méiglech.

"Et ass eis Jubiläumsausgab, déi 25. Editioun vum WTA-Tournoi. Mir hate geplangt, dat schéi grouss ze feieren. D'Reglementer vun der WTA, déi sinn elo esou, datt et ouni Public, ouni VIP, ouni Press wär an dunn hu mer mat eisem Partner Octagon decidéiert, datt dat net esou ass, wéi mir den Tournoi op der Kockelscheier wëlle spillen.", esou d'Direktesch vum WTA-Tournoi op der Kockelscheier, d'Dan Maas.

Zanter datt de Coronavirus ënnert de Leit ass, hat d'Dan Maas quasi all Woch eng Videokonferenz mat der WTA.

"Wou vu Woch zu Woch Tournoien ewechgefall sinn, well se et net wollte maachen. Et ginn och Ënnerscheeder tëscht Indoor- an Outdoor-Tournoien. Dobausse kann ee bei enger Tribün vu 15.000 Spectateure vläicht mat 3 bis 4 Dausend Leit spillen. Mir sinn awer e familiären Tournoi, mir wëllen och e familiären Tournoi bleiwen, mir si frou op der Kockelscheier, wou alles enk ass. Mir haten den Exercice duerchgespillt. Beim Social distancing, esou wéi e vum Gouvernement recommandéiert ass, hätte mer maximal 200 Leit erakritt."

Den Organisateur huet awer e Plang B. Och wa keen Tournoi gespillt gëtt, soll am Wanter e speziellt Event organiséiert ginn, sou d'Dan Maas.

"Et ass och déi 30 Organisatioun vun der IWTP. Mir hunn awer e Plang B, ech well an ech kann awer nach net verroden wat. Mir waarden of bis de September bis nei Recommandatioune vum Gouvernement kommen. Mir wëllen awer en IWTP-Event maachen, fir eisem treie Publikum an eise Sponsoren 2020 nach eppes Enn November Ufank Dezember ze bidden."

D'Dan Maas an hir ganz Ekipp hoffen, datt d'Situatioun sech bis d'nächst Joer nees normaliséiert huet, an datt een dann déi 25. Editioun vum WTA-Tournoi esou ka feieren, wei een sech dat virstellt.

Den Tournoi op der Kockelscheier ass just op d’nächst Joer verluecht. Hätten d’Lëtzebuerger Organisateuren en ofgesot, wäre si aus dem WTA-Kalenner erausgeflunn. Eng positiv Nouvelle gëtt et awer och nach. D’Dan Maas krut d’Confirmatioun, datt et op d'mannst emol nach sécher bis 2023 e WTA-Tournoi hei am Grand-Duché  gëtt.

Dëse Sonndeg weise mir Iech um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg e "Best of" vum Dammentournoi op der Kockelscheier. D’Mandy Minella presentéiert Iech dann d’Highlighten aus de ronn 30 leschte Joren.