Um Sonndeg gouf et beim nationale Liichtathletik-Championnat een neien nationale Rekord vum Noémie Pleimling am Speerwerfen. D’Lëtzebuergerin konnt hiren eegene Rekord op elo 57,46 Meter verbesseren.
Iwwer 1500 Meter bei den Häre konnt sech an der A-Finall de Bob Bertemes vum Celtic d’Victoire sécheren, dëst virum Ruben Querinjean.
Bei den 100 Meter Lafen vun den Damme konnt sech mam Patrizia van der Weken d’Favoritin mat enger Zäit vun 11,80 Sekonnen duerchsetzen.
Bei den Häre war et iwwert déi selwecht Distanz eng Victoire vum Pol Bidaine, deen 11 Sekonnen an 1 Honnertstel gebraucht hat.