No der Gebuert vun hirem 2. Kand am Dezember 2020 ass d'Lëtzebuerger Nummer 1 zeréck um Tennisterrain.

D’Mandy Minella wollt eigentlech nom Tennistournoi op der Kockelscheier d'Rackett un den Nol hänken, mee duerch déi bekannte Grënn, konnt dësen Turnéier jo net organiséiert ginn.

Ënnert den aktuellen Konditioune wollt d'Spillerin vun der Schéiss awer kee Schlussstréch ënnert hir Karriär zéien a schafft dowéinst intensiv un hirem Comeback.

Mir waren d‘Lëtzebuerger Nummer 1 op en Training besichen.