Dat huet den Nach-Trainer no der 3:2-Victoire géint Wolfsburg um Samschdeg annoncéiert.

Ëmmer erëm gouf et Unzeechen op intern Streidereien a Meenungsverschiddenheeten tëscht dem Hansi Flick an de Verantwortleche vum FC Bayern München. E Samschdeg huet den aktuelle Bayern-Trainer no der Victoire géint Wolfsburg an engem Interview mat Sky bekannt ginn, datt hie säi Kontrakt um Enn der Saison wëll opléisen. "Ech hunn der Ekipp gesot, datt ech de Veräin an der Woch informéiert hunn, datt ech um Enn der Saison aus mengem Kontrakt eraus wëll. Et war keng einfach Decisioun fir mech", sou de Flick.

Hien huet nach ee gültege Vertrag bis 2023.

De Flick war als Co-Trainer vum Joachim Löw a Brasilien Weltmeeschter ginn. Bei de Bayern hat hien de Posten am November 2019 iwwerholl an duerno sechs Titele gewonnen.

Domadder ass de Wee fir de Flick bei den DFB als Nofollger vum Nationaltrainer Joachim Löw fräi. Den DFB wär "eng Optioun, déi jidderee bedenke misst", sou de 56 Joer ale Flick. Gespréicher mam DFB-Direkter Oliver Bierhoff hätt et awer nach keng ginn.