Coupe am BasketHesper an Ettelbréck stinn an den Halleffinallen

RTL Lëtzebuerg
Hesper hat keng Problemer mat der Sparta Bartreng an d'Etzella huet Conter eliminéiert.
© RTL-Archivbild

En Donneschdeg den Owend war et am Basket bei den Hären d’Suite vun de Véierelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg.

Den Telstar Hesper huet sech ee vun den Tickete fir d’Halleffinalle vun der Coupe geséchert. Mat 87:69 (19:16, 16:14, 34:14, 18:25) huet ee sech iwwerraschend däitlech géint d’Sparta vu Bartreng duerchgesat.

Een Tour weider ass dann och d’Etzella. Déi Ettelbrécker hu sech an engem enke Match mat 86:79 (29:26, 17:24, 15:7, 25:22) géint den AB Contern duerchgesat. An der Paus louch d’Etzella knapp mat 46:50 hannen.

Schonn e Mëttwoch den Owend hate sech d’Fiels an de Basket Esch fir d’Halleffinalle qualifizéiert.

Back to Top
CIM LOGO