Zu Kontiolahti a Finnland sinn e Samschdeg d'Sprint-Course gelaf ginn.

Beim Weltcup am Biathlon zu Kontiolahti a Finnland stoung um Samschdeg de Moien den 10-Kilometer-Sprint bei den Hären um Programm. Gewonnen huet trotz engem Feeler um Schéissstand den Norweger Johannes Thingnes Bö viru sengem Landsmann Sturla Holm Laegreid. Op der drëtter Plat klasséiert sech den Däitsche Roman Rees.

Bei den Damme konnt sech iwwer 7.5km d'Lisa Theresa Hauser d’Victoire sécheren. D'Éisträicherin huet um Schéissstand sech kee Feeler erlaabt, a ka sech esou virum Lisa Vittozzi aus Italien duerchsetzen. D'Linn Persson aus Schweden komplettéiert de Podium.

Um Sonndeg stinn da souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen nach d’Poursuite um RDV.