
© AFP
E Samschdeg goufen d'Aachtelsfinallen an der Coupe des Dames gespillt.
Am fréien Owend iwwerrennt de Racing de Progrès aus der 2. Liga mat 11:0. Een änlecht Resultat huet Housen géint Rëmeleng realiséiert. Sie setzen sech mat 11:1 duerch.
De Match Ell géint Jonglënster ass réischt an der Nospillzäit entscheet ginn. Laang huet et dono ausgesi wéi wann de Match an d'Verlängerung misst goen, éier d'Malvaux an der 3 Minutt vun der Nospillzäit den 3:2 fir Ell markéiere konnt an esou de Sprong an déi nächste Ronn dach nach gepackt hunn.
De Sprong an d'Véierelsfinallen hunn och nach Mamer, Hesper, Beetebuerg an Déifferdeng gepackt.
Aachtelsfinallen
Am meeschte gelies