
Well Diddeleng, Déifferdeng an Esch dësen an nächste Weekend am European Cup ënnerwee sinn, goufen hir Matcher an d'Woch no vir verluecht. E Samschdeg kënnt et nach zum wichtegen Duell tëscht Dikrech a Rëmeleng.
Et war alles ugeriicht fir den Déjà-vu: D'Hal, d'Arbitteren an zum groussen Deel och d'Ekippe waren déi selwecht. Just de Matchverlaf an d'Resultat waren net sou enk wéi zejoert. Den HB Esch war dem HB Diddeleng däitlech iwwerleeën a gewënnt um Enn verdéngt 32:27.
Déi éischt Hallschent war net wierklech e Match vun de Golkipper. Si kruten net dacks eng Patt un de Ball. Hir Verteidegungen hunn dofir ëmsou méi haart zougepak, waren awer och dacks lächereg. Diddeleng hat de bessere Start, konnt awer net op vill Goler vum Itua Etute zielen. Dee gouf nämlech mat enger Manndeckung aus dem Spill geholl. D'Verantwortung am Réckraum hu virun allem de Yann Hippert an den Olivier Goergen iwwerholl. Den Escher Trainer Rajko Milosevic huet am Timeout no 15 Minutte wuel déi richteg Wierder fonnt, well senger Ekipp duerno 4 Goler um Stéck gelonge sinn a si sou aus engem 7:8 en 11:8 maache konnt. Dës Féierung sollten déi Schwaarz-Wäiss net méi ofginn, och wann den Ermin Muric virun der Paus déi rout Kaart gesinn huet.
Diddeleng koum nom Säitewiessel (14:16) net wierklech erun an huet ab der 40. Minutt komplett den Uschloss verluer (16:22). An der 55. Minutt hate si e maximale Virsprong vun 10 Goler; do war d'Bier längst geschielt. D'Fiiss konnten an de leschte Minutten nach e bëssen Ergebniskosmetik bedreiwen. Trotz Manndeckung war den Itua Etute mat 8 Goler beschte Buteur um Terrain.
Nom Iwwerraschungserfolleg e Samschdeg géint Déifferdeng war Bierchem virgewarnt, zu wat Käerjeng amstand ass. Och wann d'Réiserbänner scho wéi de Gewënner ausgesinn haten, huet den Ognjen Jokic mat engem Gewaltschoss an der leschter Sekonn fir den Ausgläich zum 39:39 gesuergt. Domat huet Käerjeng schonn dem zweeten Titelkandidat e Punkt ofgeknäppt.
Nodeems de Jokic an den éischten 10 Minutten 3 Goler markéiert hat, gouf hie vu Bierchem op Manndeckung geholl, dat huet awer net vill bruecht. Trotz dem Serb senge Goler louch d'Ekipp vum neien Trainer Martin Hummel an der éischter Hallschent ëmmer vir a goung mat 21:19 an d'Kabinnen. Bierchem konnt säi Virsprong vun dräi Goler bis an déi lescht Véierelstonn halen, éier Käerjeng ausgläiche konnt. Virun allem krut d'Bierchemer Defense an där Zäit den Alaeddine Kouni um Krees net an de Grëff. Wéi d'Réiserbänner 4 Minutte viru Schluss nees mat 3 Goler vir waren, hate vill Leit mat enger Virentscheedung gerechent. Mee Käerjeng huet sech net opginn a krut mam leschte Worf nach d'Chance op den Ausgläich. Deen huet de Jokic mat sengem 9. Gol aus 11 Meter verwandelt an d'Käerjenger Freed huet keng Grenze kannt.
De Champion Red Boys Déifferdeng huet déi éischt Victoire an der neier Saison agefuer. Beim HC Standard war d'Resultat vun 40:29 um Enn däitlech. Wéi een et vun de Stater gewinnt ass, hu si iwwer eng gewëss Zäit matgehalen, stinn um Enn awer mat eidelen Hänn do. Och de Verloscht vum Miha Pucnik no 25 Minutten duerch eng direkt Disqualifikatioun war dobäi net hëllefräich. Ab der 40. Minutt konnt Déifferdeng de Virsprong eng éischt Kéier op 4 Goler ausbauen an huet domat de Grondstee fir d'Victoire geluecht. Den Alen Zekan war mat 9 Goler beschte Buteur.