Ass de Messi de beschte Futtballspiller vun allen Zäiten?
An enger spannender Finall op der Futtball-Weltmeeschterschaft hat sech Argentinien e Sonndeg am Eelefmeterschéisse géint Frankräich duerchgesat.
Nieft dem Duell vun deenen zwou grousse Futtballnatiounen, war et awer och den Duell tëscht zwee ganz grousse Futtballspiller, den Duell tëscht dem Lionel Messi an dem Kylian Mbappé. Virun allem de Lionel Messi huet seng Karriär elo mam WM-Titel gekréint. D'Fro déi sech elo stellt, ass déi, ob de 35 Joer alen Argentinier dee beschte Futtballspiller vun allen Zäiten ass.
All Epoch hat seng Superstaren. Enn de 50er Ufank de 60er war et Brasilianer Pelé, an de 70er koume Leit ewéi de Franz Beckenbauer a Johan Cruyff dobäi, an den 80er war e gewëssenen Diego Maradonna brillant, Enn de 90er huet e Spiller wéi de Zinedine Zidane mat senger Klass erausgestach an zanter 15 Joer sichen de Cristiano Ronaldo an de Lionel Messi hiresgläichen. Fir den RTL-Futtballexpert Marc Oberweis ass kloer, datt all Generatioun hir eege grouss Spiller huet. "Ech di mech ëmmer schwéier esou intergenerationell Vergläicher ze zéien. Fir all Generatioun ginn et déi Gréissten, de Messi ass ganz sécher Ee vun deenen, zesumme mam Ronaldo. En huet eng ganz Ära gepräägt."
En ass just 1 Meter 69 grouss, ma um Terrain ass et e Gigant, de Lionel Messi. Och de fréiere Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Guy Hellers wëll den Titel vum "beschte Spiller vun allen Zäiten" net just engem eenzege Spiller ginn. "Et ass doudsécher ee vun deene Gréissten vun allen Zäiten, et ass ëmmer schwéier verschidde Generatioune mateneen ze vergläichen. Et ass sécher ee vun de ganz Groussen, awer op deen nächste ganz Grousse mam Mbappé däerfe mer eis scho freeën."
De Lionel Messi, zu Rosario an Zentralargentinien gebuer, huet e Sonndeg seng eenzegaarteg Karriär mam Weltmeeschtertitel mat der Albiceleste gekréint, esou de Guy Hellers. "De Messi huet alles gewonnen, mam Veräin an elo eben och mat der Nationalequipe de Weltmeeschtertitel."
E Sonndeg war et jo och den Duell vun de Generatiounen. De 35 Joer aée Messi aus Argentinien an den 23 Joer alen Mbappé aus Frankräich. Deen een huet an der Final 3 Goler geschoss an deen anere 4. Dem fréiere Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer no, hätt ee gesinn, datt si allebéid fir den Titel gespillt hätten. "Jidereen huet gespillt fir den 3. Stär op säin Trikot ze kréien. Zum Schluss haten d'Argentinier méi Gléck, d'11-Meter-Schéissen ass eng Lotterie, mä Argentinien huet awer verdéngt gewonnen."
Et war jiddwerfalls eng memorabel Final tëscht Argentinien a Frankräich. Deen ee kann elo berouegt an de Hierscht vu senger Karriär goen, deen aneren ass eréischt am Ufank vu sengem Fréijoer an awer huet den Mbappé jo scho viru 4 Joer de WM-Titel mat Frankräich gewonnen.