
E Sonndeg stoung an der 3. Liga an Däitschland den Duell tëscht Hansa Rostock a Waldhof Mannheim um Programm. De Florian Bohnert, virun der Saison vu Bastia an den Norde vun Däitschland gewiesselt, stoung bei der Lokalekipp vun Ufank un um Terrain an huet 90 Minutte fir seng Faarwen déi riets Band bekleet. Bei de Gäscht vu Mannheim stoung de Vincent Thill och an der Starteelef a gouf an der 70.Minutt ausgewiesselt. Laang huet et dono ausgesinn, wéi wa Mannheim als Gewënner vum Terrain géif goen, louch een dach no 50 Minutte mat 3:1 a Féierung. Rostock huet sech net opginn a sou sollt de Match um Enn mat engem 3:3-Remis op en Enn goen. Béid Ekippen hunn no zwee Spilldeeg véier Punkten um Kont.
An der Jupiler Pro League, der ieweschter Divisioun an der Belsch, krut den Opsteiger Beveren mam Laurent Jans et mat Anderlecht ze dinn. An hei geléngt dem Opsteiger Beveren déi grouss Iwwerraschung a klappt Anderlecht duerch e Gol vum Gomis an der 14. Minutt mat 1:0. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp Laurent Jans huet 90 Minutten duerchgespillt. Beveren huet wéi Anderlecht no zwee Spilldeeg elo dräi Punkten um Kont.
A Georgien huet den Dirk Carlson mat senger Ekipp Dinamo Batumi auswäerts mat 4:0 géint Samgurali gewonnen. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain.
An der 2. Bundesliga gouf den Eldin Dzogovic e Samschdeg bei Magdeburg agewiesselt. Beim 3:0-Erfolleg zu Osnabrück ass de Lëtzebuerger an der 83. Minutt op den Terrain geholl ginn.
An der 3. däitscher Liga ass den Aiman Dardari zu sengem zweeten Asaz fir RW Essen komm, bei deem et déi éischt Victoire ze verzeechne gouf. Mat 1:0 konnt ee sech doheem géint den TSV Havelse behaapten. Den Dardari gouf an der 81. Minutt agewiesselt.
An der ieweschter Divisioun a Saudi-Arabien gouf et um éischte Spilldag en 0:0 tëscht Al Taawon an Al Khaleej mam Anthony Moris. De Moris stoung bei Al Khaleej wéi gewinnt déi 90 Minutten tëscht de Pottoen.
Dem Trainer Luc Holtz säin FC Metz war um 2. Spilldag vun der franséischer Ligue 2 zu Grenoble am Asaz. An hei goung et mat engem 0:0 no eppes méi wéi 45 Minutten an d'Paus. Dowéinst huet de Luc Holtz och fir den Ufank vun der zweeter Hallschent reagéiert an dunn nach eng Kéier no ronn enger Stonn, wéi hien dann och de jonke Lëtzebuerger Hamza Kadamani bruecht huet. Ma och d'Wiessele vum fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer hu keng Friichte gedroen, esou datt een net iwwer en 0:0 zu Grenoble erauskoum.
An den anere Partië stoungen d'Lëtzebuerger net um Terrain vun hire Veräiner. D'Emma Goetz souz als 2. Golkipperin bei der 2:0-Victoire vun hirem Austria Wien géint LASK de ganze Match iwwer op der Bänk an den Yvandro Borges Sanches stoung wéinst enger Blessur net am Kader vun Heracles Almelo, deen 3:2 doheem géint Den Bosch gewonnen huet.