E Freideg de Mëtteg war d'Kaderrevisioun vum Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois.
Fir vill Sportler ass d'Kaderevisioun all Joer ee ganz wichtegen Dag. Hei gi si gewuer, ob d'Leeschtungen aus de leschte Méint duergaange sinn, fir an Zukunft vum COSL ënnerstëtzt ze ginn oder net. Fir déi nächsten 12 Méint, goufe 55 Sportler a Sportlerinnen am Elittekader zeréck behalen an och Dëschtennis Dammen- an Härenekipp wéi och 4 X 100 Meter Staffel am Schwammen bei den Hären. Da sinn am Ganzen 12 nei Opname vis à vis vun 2022.
Am Promotiounskader ass et esouguer ee Plus vun 21 Athleten, géinteniwwer vum leschte Joer. Den Directeur Technique vum Lëtzebuerger Olympesche Comité , Raymond Conzemius ass der Meenung, datt déi nei Opnamen och alleguerten gerechtfäerdegt sinn.
Dee Verband, deen am meeschten am Elittekader vertrueden ass, ass d‘Liichtathletik Federatioun mat 10 Leit.
All Joer falen och Leit aus de Kaderen eraus. Sief et, datt si déi sportlech Krittären net méi erfëllen, oder wéi d‘Mandy Minella, déi mat hirer aktiver Karriär opgehalen huet.
Wann een an engem vun de Kaderen ass, kann een zum Beispill vun der Servicer vum LIHPS profitéieren, wéi och vun deenen déi an der Coque ugebueden ginn. Dat medezinescht Encadrement ass och garantéiert. Ausserdeem kritt een eng finanziell Hëllef vu bis zu 5.500 Euro pro Joer. Déi ass wichteg, well d‘Reesen, op déi d‘Elitesportler mussen zeréck gräifen, an de leschte Joren ëmmer méi deier ginn ass. De Raymond Conzemius huet an deem Kontext och gesot, datt d‘Sportler an Zukunft mussen méi genee eraussichen, wou si am Ausland u Kompetitiounen deelhuelen. Eebe fir mat de Suen déi hinnen zu Verfügung gestallt ginn, esou gutt wéi méiglech eens ze ginn.