Op den Australian Open am Tennis heescht d‘Final bei den Hären Stefanos Tsitsipas aus Griicheland géint den Novak Djokovic aus Serbien.

Den Djokiovic huet e Freideg de Mëtteg an der Halleffinall kloer an 3 Sätz 7:5, 6:1 a 6:2 géint den US-Amerikaner Tommy Paul gewonnen. Den Tsitsipas hat sech schonn e Freideg de Moien a 4 Sätz géint de Russ Karen Chatschanow behaapt.

Fir de Rekordgewënner zu Melbourne Novak Djokovic kéint et säin 10. Titel beim éischte Grand Slam Tournoi vun der Saison ginn.

RTL

De Stefanos Tsitsipas no senger Victoire. / © AFP/Martin KEEP