De Lëtzebuerger Nationalspiller war virun iwwer 60.000 Spectateure fir 60 Minutten am Asaz.

Sonndeg

An der tierkescher zweeter Liga huet den Tabelleleader Eyüpspor wichteg Punkte leie gelooss. Am Match géint Yeni Malatyaspor huet ee sech mat 1:2 geschloe ginn. Den Olivier Thill gouf an der Paus agewiesselt.

Och fir den Eric Veiga gouf et an der zweeter portugisescher Liga eng 1:2-Néierlag. Mam Lëtzebuerger an der Starteelef ass et fir den UD Vilafranquense géint Moreirense näischt ze huele ginn.

An der däitscher Bundesliga stoung de Mathias Olesen eng weider Kéier an der Starteelef vum 1. FC Köln. Am Match géint den FC Schalke deele sech béid Ekippen mat engem 0:0 d'Punkten.

An der 3. Liga an Däitschland huet sech Waldhof Mannheim mat 4:1 géint Viktoria Köln duerchgesat. De Laurent Jans, de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp stoung de komplette Match iwwer um Terrain.

Samschdeg

Fir Hansa Rostock gouf et e Samschdeg an der 2. däitscher Bundesliga eng 0:2-Defaite zu Heidenheim. De Sébastien Thill stoung dobäi net am Kader.

An der 1. Bundesliga huet sech den 1. FSV Mainz däitlech mat 5:2 géint Bochum duerchgesat. De Leandro Barreiro war an der Starteelef a konnt de Gol zum 4:0 fir den Onisiwo virbereeden. No 62 Minutte gouf hie fir de Stach ausgewiesselt. Hie gouf iwwerdeems nom 18. Spilldag vum däitsche Site kicker.de eng éischte Kéier an d'"kicker-Elf des Tages" gewielt.

Fir de Florian Bohnert an den SC Bastia sinn et an der franséischer Ligue 2 dräi Punkte ginn. Bei der 1:0-Victoire géint Grenoble duerch e Last-Minute-Gol war de Lëtzebuerger fir 79 Minutten am Asaz.

An der hollännescher Eredivisie huet sech Sparta Rotterdam ee Punkt geséchert. Beim 1:1 géint den NEC Nijmegen stoung de Mica Pinto de ganze Match um Terrain.

Fir den Anthony Moris ass et dann nach eng weider Victoire mat Saint-Gilloise ginn. Am Match géint de Sporting Charleroi hält de Lëtzebuerger Golkipp säi Gol eng weider Kéier propper a wënnt um Enn mat 1:0.

Freideg

An der zweeter däitscher Bundesliga gouf et eng 3:2-Néierlag fir Magdeburg, bei deenen den Eldin Dzogovic net am Kader stoung, bei der Fortuna aus Düsseldorf.

Och kee Grond zur Freed gouf et fir de Gerson Rodrigues, deen an der saudi-arabescher Premier League 0:2 mat Al Wahda géint Al-Fateh verluer huet. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match iwwer um Terrain.

Ouni den Dirk Carlson ass ADO den Haag op Venlo gereest. Beim 0:0 konnte si auswäerts e Punkt mathuelen.