
© FRED TANNEAU / AFP
An Däitschland konnt sech Leipzig géint Stuttgart duerchsetzen an an Italien waren et dräi Punkte fir Bologna a Salernitana.
E Freideg den Owend ass de Ball ënner anerem an Däitschland, England, Frankräich, Italien a Spuenien gerullt.
Bundesliga
RB Leipzig - VFB Stuttgart 2:1
1:0 Szoboszlai (25'), 2:0 Szoboszlai (49'), 2:1 Führich (68',p)
Fir Leipzig wieren dräi Punkte wichteg, fir un der Spëtzt drunebleiwen a Stuttgart kéint mat Punkte sech e bësse Loft am Keller verschafen. Ma et war net einfach fir d'Gäscht, och net an der éischter Hallschent, déi wat d'Statistiken ugeet zimmlech ausgeglach war. Leipzig a Persona vum Szoboszlai war einfach äiskal virum Go an huet aus zwou gudde Chancen, eng no 25 Minutten an eng kuerz no der Paus, eng 2:0 Féierung fir d'Heemekipp gemaach. No eppes klenger méi wéi enger Stonn huet de VAR dem Arbitter op d'Ouer ginn, sech eng Zeen nach eng Kéier unzekucken. Dobäi koum eraus, datt de Gvardiol vu Leipzig am Strofraum de Ball un d'Hand krut. Den Eelefmeter, deen et dowéinst gouf, huet de Führich eragemaach, obwuel de Blaswich am Leipziger Gol nach dru war, an esou koum nees Spannung fir déi lescht 20 Minutten an d'Partie. Hei sollt awer net méi vill passéieren, esou datt sech Leipzig doheem mat 2:1 kann duerchsetzen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FA Cup
Manchester City - Arsenal London 1:0
1:0 Ake (64')
An der éischter Hallschent war et eng zimmlech ausgeglache Partie, bei där awer keng Ekipp déi puer Golchancen, déi se haten, notze konnten. No eppes méi wéi enger Stonn dunn huet et déi éischte Kéier d'Netz gewackelt, wéi den Ake eng Virlag vum Grealish konnt notzen an d'Heemekipp a Féierung konnt bréngen. Deen ee Gol ass Manchester City dann och duergaangen, fir sech als éischt Ekipp fir d'Aachtelsfinalle vum FA-Cup ze qualifizéieren.
Ligue 1
FC Lorient - Stade Rennes 2:1
1:0 Talbi (13'), 2:0 Le Bris (31'), 2:1 Tait (73')
A Frankräich huet de Siwenten aus der Tabelle de Fënneften empfaangen. Rennes hat déi éischt 45 Minutte méi vum Match an och méi Ofschlëss, mä d'Prezisioun huet einfach gefeelt. Déi hat d'Heemekipp awer an huet aus de wéinege Chancen de Maximum erausgeholl, esou datt si mat 2:0 a Féierung an d'Paus goungen. Déi zweet Hallschent war d'Dominanz vu Rennes nach däitlech méi ze gesinn. 70 Prozent Ballbesëtz an 12:0 Schëss. Lorient huet sech op d'Defense konzentréiert an dat huet sech bezuelt gemaach, well just den Tait no 73 Minutte vun de ville Chance vu Rennes konnt profitéieren, huet Lorient dës 3 Punkten doheem gehalen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Serie A
FC Bologna - Spezia Calcio 2:0
1:0 Pesch (37'), 2:0 Orsolini (77')
US Lecce - US Salernitana 1:2
0:1 Dia (5'), 0:2 Vilhena (20'), 1:2 Strefezza (23')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
La Liga
UD Almeria - Espanyol Barcelona 3:1
1:0 Suarez (21'), 2:0 Leo Baptistao (61'),3:0 Portillo (77'), 3:1 Joselu (90'+3)