E Samschdeg an e Sonndeg gëtt dat internationaalt Turnéier an der Coque ausgedroen.

Déi zweet Editioun vum internationale Badmintonsturnéier ass vum Niveau hier nach e Krack an d'Luucht geklommen am Verglach zur éischter Editioun, dat besonnesch bei de Meedercher. Fir den Organisateur, ass et en Challenge, fir e gudden Niveau ze presentéieren an dass d'Lëtzebuerger Spiller a Spillerinnen nach iergendwéi kënne mathalen.

Déi bescht Lëtzebuerger Spiller bei dëser Editioun sinn d'Kim Schmidt an de Jérôme Pauquet. Déi 15 Joer jonk Schmidt huet sech bannent engem Joer am Ranking vu Plaz 400 op Plaz 200 verbessert. Am Match vum Haapttableau géint eng Inderin huet een awer gesinn, dass d'Lëtzebuergerin nach u sech schaffe muss.

Och de Jérôme Pauquet huet an der éischter Ronn am Match géint den däitsche Meeschter de Kierze gezunn, koum dofir awer am Dubbel mat sengem Partner Yannick Feltes weider.

Um Sonndeg geet de Programm, mat ë.a. de Finallen, vun dësem interessanten Turnéier weider.