Den Escher Playmaker wëll an Zukunft méi Zäit mat der Famill verbréngen.

Mat 31 Joer huet de Pit Biever Decisioun geholl, d'Basketsschong un den Nol ze hänken. Den Escher wëll elo méi Zäit mat der Famill verbréngen. Virun allem mat sengem Meedchen, dem Ella, wëll de Basketballspiller elo méi ënnerhuelen.

Gebierteg vu Monnerech huet de Pit ëmmer nëmme fir den Escher Veräin gespillt. Ugefaangen huet alles mat 5 Joer.  D'zejoert konnt hie mat senger Ekipp d'Coupe gewannen. Dës Saison goung de Championstitel un déi Escher. Doriwwer ass de Playmaker immens houfreg.

Zesumme mat sengem Brudder Joé a sengem beschte Kolleeg Alex Rodenbourg huet de Pit Biever vill, flott Momenter um Basketballterrain erlieft. Hie wäert seng Ekipp och sécher d'nächst Saison an d'Hal ënnerstëtze goen. Ob hie spéider emol wäert eng Roll am Club iwwerhuelen, léisst de sympatheschen Escher elo mol nach opstoen.