D'San Antonio Spurs selektionéieren de Wembanyama un éischter Plaz vum NBA-Draft

© TIMOTHY A. CLARY AFP
Den 19 Joer alen Ausname-Spiller ass an Tréinen ausgebrach, nodeems den NBA-Virsëtzenden Adam Silver de Choix vun de Spurs offiziell annoncéiert huet.
Wéi den 19 Joer ale Fransous no der Annonce vun der Ekipp aus dem Texas hirem Choix annoncéiert huet, hätt hien dat erreecht, vun deem hie säi Liewe laang gedreemt hätt.
Experte ware schonn zënter Méint dovun ausgaangen, dass d'Spurs de Wembanyama am NBA Draft 2023 géife wielen. Den 2,24 grousse Fransous, deen op der Positioun vum Center a vum Power Forward spille kann, gëllt als dat gréisste Basket-Talent zanter dem Superstar Lebron James. Deementspriechend grouss war d'Freed zu San Antonio, wou d'Fans vun de Spurs an de Stroosse gefeiert hunn.
Iwwerdeems huet de franséische President Macron dem Wembanyama iwwer Twitter gratuléiert. Hie géif d'Leit zum Dreeme bréngen an de Basket veränneren, sou de franséische Staatschef.