
Am 3000-Meter-Hindernislaf ass d’Jenny Gloden mat enger Zäit vun 10:54,55 iwwert d’Ligne d’Arrivée gelaf. Domadder huet sech d’Lëtzebuergerin net nëmmen déi éischte Plaz geséchert, mä och nach direkt en nationale Rekord. 4 Sekonnen ass si e Freideg méi séier gelaf, wéi d’Véronique Hansen am Joer 2008.