Luis Rubiales bleift President vum Futtballverband

No der WM-Finall bei de Fraen hat de Rubiales d'Kapitänin Hermoso op de Mond gekusst. Dat hat fir Kritik gesuergt, ma hie bleift awer op sengem Posten.
Dat huet de 46 Joer ale Futtballfunktionär e Freideg op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung vum Futtballverband RFEF matgedeelt. Dat huet hien a senger Ried direkt fënnef Mol hannertenee gesot. Gläichzäiteg huet e sech awer och nach eng Kéier dofir entschëllegt, datt hien d'Jennifer Hermoso gekusst huet.
Den Tëschefall gouf esouguer vu spuenesche Ministere kommentéiert. De Felix Bolanos, Minister vum "Präsidialamt", hat gedreet, d'Regierung géing reagéieren, wann de Verband net déi néideg Schrëtt ënnerhuele géing. Och d'FIFA huet sech ageschalt an eng disziplinaresch Prozedur an d'Weeër geleet. D'UEFA, wou de Rubiales Vizepresident vum Exekutivkommitee ass, huet bis ewell nach net reagéiert.
D'Hermoso hat nom Tëschefall zu Sydney op Instagram gesot, datt d'Aktioun hir net gefall hätt. Spéider hat de Verband ee Schreiwes publizéiert an deem si d'Aussoe rëm relativéiert huet. Dës Woch hat d'Hermoso allerdéngs an enger Stellungnam mat der Spillerinnegewerkschaft Futpro "beispillhaft Mesure" géint de Rubiales gefuerdert.