Lëtzebuerger Rekord fir d'Patrizia van der Weken iwwer 60 Meter
Bei engem weidere Regio Meet an der Coque huet d'Sportlerin vum Joer hiren eegene Rekord aus dem Joer 2022 verbessert.
Patrizia van der Weken ass um Samschdeg an der Serie iwwer 60 Meter an enger Zäit vu 7 Sekonnen a 17 Honnertstel iwwer d'Arrivée gelaf a war domadder 4 Honnertstel méi séier wéi bei hirem alen Indoor-Rekord. Dee war d'Lëtzebuergerin 2022 zu Belgrad gelaf. An der Finall iwwer 60 Meter huet d'Sportlerin vum Joer sech virun den däitschen Athletinnen Allegra Hildebrand a Karen Rückert duerchgesat. Do ass de Chrono bei 7 Sekonnen an 21 Honnertstel stoe bliwwen.
De François Grailet ass an der Final ënnert den 8 Sekonnen op den 60 Meter Hürde bliwwen. Hien ass no 7 Sekonnen a 94 Honnertstel ukomm. Mais och fir hien ass et eréischt den Ufank vun der Saison an et bleift Sputt no uewen.
De Vivien Henz ass bei den U23 iwwer 800 Meter als Éischten iwwer d'Arrivée gelaf. Hien ass nees eng Kéier zu Lëtzebuerg ugetrueden. De Studium op der renomméierter Harvard University an den Héichleeschtungssport sinn eng komplizéiert Kombinatioun, déi méi Departen net ëmmer zouloossen.