Zanter 1998 ass den André Hartmann President vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun, eng nei Ekipp ronderëm de Christian Kill wëll elo iwwerhuelen.

Den André Hartmann a seng Ekipp wëllen awer net Plaz maache fir eng komplett nei Ekipp. Dat ass awer genau dat, wat den "Neie Wand" erreeche wëll. Den 8. Mee um Kongress vun der FLTT ginn dann och komplett Ekippe gewielt an net eenzel Käpp. Dorobber hu sech béid Ekippen am Viraus gëeenegt.

Wie sinn d'Ekippen?

"Neie Wand"

Den "Neie Wand" ass eng Ekipp, déi sech zesummefonnt huet, fir d'Geschécker vun der Federatioun ze iwwerhuelen. D'Ekipp, mat un der Spëtzt dem fréieren Nationalspiller Christian Kill, huet sech decidéiert, beim Kongress den 8. Mee géint déi aktuell Ekipp unzetrieden. Engersäits well den aktuelle President André Hartmann ugedeit hat, säi Poste wëllen opzeginn, donieft ass den "Neie Wand" net ganz zefridde mat der Aarbecht vun der Federatioun. Et wëll ee villes änneren a virun allem vereinfachen. D'Ekipp besteet nieft dem Christian Kill aus dem Andy Cattazzo, dem Pol Breser, dem Patrick Hansen, dem Maurice Schmit, dem Anouk Miny, dem Bruno Lance, dem Pit Wiltgen an dem Steve Schmol.

Den Interview mam Christian Kill

Éier den "Neie Wand" sech presentéiert huet, gouf et och Gespréicher, wou béid Ekippe sech un en Dësch gesat hunn. Dem Christian Kill no huet een do awer séier erkannt, dass eng Zesummenaarbecht mam aktuelle Comité directeur net méiglech ass. Deemno huet ee sech decidéiert, als nei Ekipp unzetrieden.

Am Interview huet de Christian Kill erkläert, datt sech relativ séier e Grupp fonnt hat. An no an no huet een d'Ekipp komplettéiert. Virun allem war et dem "Neie Wand" wichteg am ganze Land representéiert ze sinn, deemno Kandidaten aus alle Regiounen ze hunn, fir spéider méi eng neutral Federatioun ze hunn.

Dem "Neie Wand" leie besonnesch d'Veräiner um Häerz. Dës misste méi Gehéier fannen an och d'Chance kréien, e Wiertche matzeschwätzen. Och d'Jugendaarbecht, d'Nationalekipp an den Dëschtennis als Fräizäitsport si wichteg Themen. Donieft misst een onbedéngt un de Reglementer schaffen.

Bei der Nationalekipp feelt et dem "Neie Wand" bei wichtegen Decisiounen un Transparenz, donieft misst am Jugendberäich méi zilorientéiert geschafft ginn.

De Christian Kill huet wësse gedoen, dass een intern schonns eng kloer Rolleverdeelung huet, de Fall gesat, et géif ee gewielt ginn. Dës huet een dann och e Freideg an engem Schreiwes bekannt ginn. De Christian Kill géing hei d'Funktioun vum President iwwerhuelen. Et wéilt een intern an der Federatioun dann och Saachen änneren, heescht eng Ëmstrukturéierung vun de verschiddene Kommissiounen.

De gréissten Challenge, sollt ee gewielt ginn, ass dem Christian Kill no, sech en Iwwerbléck iwwer d'Finanzen ze verschafen. Et hätt een dofir awer och e Finanzexpert an der Ekipp, déi international an national Erfarung huet. An déi aner Dossiere wéilt ee sech dann no an no eraschaffen.

Op feelend Erfarung ugeschwat, huet de Christian Kill gesot, datt seng Ekipp villäicht net déi Kompetenzen huet, wéi déi aktuell Leit, ma si hätten aner Stäerkten an Iddien, fir de Lëtzebuerger Dëschtennis op en "aner Level" ze hiewen.

Fir de Leit hir Iddie méi no ze bréngen an nach méi genee ze erklären, wéi ee schaffe wëll, organiséiert den "Neie Wand" den 22. Abrëll zu Wolz an de 24. Abrëll  zu Stroossen jeeweils eng Infoversammlung.

Aktuell Ekipp

Wéi schonns ernimmt, ass den André Hartmann zanter 1998 President vun der FLTT. Zanterhier ass déi nämmlecht Ekipp um Rudder, och wann et vereenzelt personell Changementer gouf. Virun allem an de leschte Joren huet déi aktuell Ekipp op Verjéngung gesat an och fir dat nächst Mandat wëll ee mam Corinne Bremer a Charel Müller zwee nei Membere mat an d'"Equipe Hartmann" ophuelen. Donieft wäerten och weiderhin de Gilles Regener (aktuelle President vun der Commission sportive), de Ralf Greis (aktuelle President vun der Commission technique) an de Philippe Moulin (Commission de la Promotion du Sport pongiste) dobäi sinn, genau wéi déi laangjäreg Membere vum Comité directeur, de Camille Gonderinger (Trésorier), den Henri Dielissen an de Generalsekretär Romain Sahr.

Den Interview mam André Hartmann

Den aktuellen FLTT-President André Hartmann war iwwerrascht, wéi hien héieren huet, datt sech eng Ekipp zesummegedoen huet, déi géint déi aktuell untriede wëll. Um Kongress virun zwee Joer zu Waasserbëlleg hat den André Hartmann annoncéiert, datt dat wuel säi lescht Mandat wier. Well hie bannent deenen zwee Joer awer keng Persoun fonnt huet, fir d'Relève ze iwwerhuelen a sech den "Neie Wand" presentéiert huet, huet hien decidéiert, nach eemol fir zwee Joer ze kandidéieren.

D'Federatioun géing ëmmer nees nei Projete lancéieren, d'Iddie géingen hinnen net ausgoen an et hätt een eben ëmmer op Verjéngung an Erneierung gesat, dofir kann den André Hartmann nëmme schwéier verstoen, dass "elo sou e Wand kënnt".

Den André Hartmann huet erkläert, datt een no an no ëmmer méi jonk Leit op wichteg Posten eruféiere wéilt. Esou hätt et och Changementer un der Spëtzt vun de verschiddene Kommissioune ginn, wou elo méi jonk Leit d'Rudder iwwerholl hunn. Déi aktuell Ekipp géif sech och kengen Iddien oder neie Leit verschléissen, mee déi misst ee lues a lues aschaffen. Dofir wëll een net, datt eng komplett nei Ekipp ouni Erfarung d'Federatioun iwwerhuele sinn. Dem André Hartmann no ass d'Erfarung, déi déi aktuell Ekipp huet, nämlech hir gréissten "Tromp".

Wat den "Neie Wand" ugeet, géing ee bis elo nëmmen d'Leit kennen, wat déi neie Ekipp awer genee fir Iddien huet, wéisst een net. Et hätt een nach keng Programmer gesinn.

Dem FLTT-President no ass d'Federatioun aktuell an engem gudden Zoustand an dat an alle Beräicher. Op deem Niveau wéilt ee weiderfueren, well et hätt een en immens héijen Niveau erreecht, d'Unerkennung wier immens grouss an dat wéilt een esou weiderféieren. Him ass awer och bewosst, datt d'Statutten deels villäicht e bësse schwéierfälleg sinn, mee do wier ee bereet, mat jidderengem, dee gewëllt ass, zesummenzeschaffen.

Déi aktuell Ekipp ass immens gutt vernetzt. Ënnert anerem huet Lëtzebuerg schonns eng Europameeschterschaft organiséiert, an noer Zukunft kënnt e WTT Youth Contender dobäi. Et fäert een, datt, sollt eng nei Ekipp un d'Rudder kommen, déi gutt Kontakter verluer ginn a Lëtzebuerg esou Evenementer net méi onbedéngt organiséiert.