E Samschdeg war zu Nidderaanwen den uerdentleche Kongress vum Lëtzebuerger Olympesche Comité.

Uerdentleche Kongress vum COSL / Reportage Rich Simon

A senger Ried huet de President vum COSL, André Hoffmann ënnert anerem gesot, datt een eng zivil Struktur fir d'Spëtzesportler géif begréissen. Déi Struktur dierft awer net op Käschte vun der Sportsektioun vun der Arméi goen. Dës weideren huet den André Hoffmann, an dat war an der Vergaangenheet seelen de Fall, d'Zesummenaarbecht mam neie Sportminister als ganz gutt bezeechent huet.

E puer Modifikatioune bei de Statute goufen ugeholl. Dat war ënnert anerem néideg duerch dat neit ASBL Gesetz vum leschte Joer.

De Sportminister Georges Mischo huet ënnert anerem gesot, fir d'Problematik vun ze mann Schwammmeeschter unzepaken an och datt een état des lieux muss gemaach ginn, vun de  sportlech Infrastrukturen. Déi missten an Zukunft optimal a maximal ausgenotzt ginn.

De Sportminister wëll sech an Zukunft och dofir asetzen, datt méi finanziell Mëttel fir de Sport zu Verfügung gestallt ginn. Aktuell fléissen nëmmen 0,22 Prozent vum Staatsbudget an de Sport.

Souwuel den COSL wéi och de Sportministère si sech bewosst, datt een an der Sportswelt net ëmmer konform ass mam Aarbechtsrecht. Hei misst séier gehandelt ginn, well een op dënnem Äis ënnerwee wier.

Finanziell huet den COSL d'Joer 2023, mat engem Minus vu ronn 380.000 ofgeschloss. Eleng d'Spiller vun de klengen europäesche Staaten op Malta, hu ronn 500.000 Euro kascht.

3 Federatioune goufen nei an den COSL opgeholl: De Judo, Karate an Taekwondo, déi virdrun zesummen an der FLAM vertruede waren.