Sarah de Nutte konnt sech an der 1/4-Finall am Lëtzebuergeschem Duell géint Ni Xia Lian duerchsetzen. D'Halleffinalle ginn e Sonndeg gespillt.

Beim WTT Feeder 2 zu Beirut stinn de Luka Mladenovic an d'Sarah De Nutte an hire jeeweilegen Eenzel-Kategorien an den 1/2-Finallen.

De Luka Mladenovic konnt sech an der Aachtelsfinall mat 3:0 géint de Kubaner Andy Perreira duerchsetzen. An der 1/4-Finall huet de Lëtzebuerger dunn däitlech mat 3:0 géint de Belsch Cédric Nuytick gewonnen. An der Ronn vun de leschte 4 kritt de Luka Mladenovic et e Sonndeg mam Chuang-Chih-Yuan ze dinn. 
D'Sarah De Nutte huet an der Aachtelsfinall dem Chen Szu-Yu beim 3:1 keng Chance gelooss. An der Véirelsfinall ass et dunn zum Lëtzebuergeschem Duell mam Ni Xia Lian komm, wou d'Sarah de Nutte d'Iwwerhand behalen huet. Sie kritt et elo an der Halleffinall mam Ivana Malobabic aus Kroatien ze dinn.