
Den Eddie Dunbar huet déi 19. Etapp vun der Vuelta gewonnen. Um leschte Kilometer virun der Arrivée konnt den Ir de beschte Grimpeur am General, de Santiago Buitrago, stoe loossen a sech beim Tour duerch Spuenien seng drëtt Victoire um Bierg sécheren. De Kolumbianer hat zwee Kilometer viru Schluss aus enger Echappée eraus attackéiert.
Déi 19. war mat 210 Kilometer déi längsten Etapp vun der Vuelta 2026. Um Programm stoungen zwou Montéeë vun der zweeter an eng vun der éischter Kategorie. Mat 5 Minutten an 20 Sekonne Retard sinn d'Favoritten all zäitgläich ronderëm den Enric Mas, deen domat säi Rouden Tricot verdeedegt, um leschte Bierg ukomm.
Ugangs der Etapp hat sech eng Echappée vu 16 Coureuren, mam Lëtzebuerger Mats Wenzel, ofgesat. Am leschte Bierg op d`Arrivée erop ass de Spëtzegrupp explodéiert an de Mats Wenzel huet de Kontakt verluer. Um Enn vun der Etapp war et déi 29. Plaz fir de Lëtzebuerger.