2:2 tëscht West Ham a Liverpool, kee Gewënner tëscht Juventus an AC Mailand
                    © AFP
Donieft kënnt Manchester United net iwwert een 1:1 géint Burnley eraus a Girona setzt sech géint Las Palmas duerch.
An der Bundesliga konnt Leipzig sech kloer géint Dortmund duerchsetzen a Leverkusen huet duerch ee weidere Gol an der leschter Minutt net géint Stuttgart verluer.
Premier League
West Ham United - Liverpool 2:2
1:0 Bowen (43'), 1:1 Robertson (48'), 1:2 Aréola (65', Selbstgol), 2:2 Antonio (77')
Liverpool war am éischten Duerchgang déi besser Ekipp, de Ball huet trotz ville Chancen awer net de Wee an de Gol fonnt. Op der anerer Säit war et du virun der Paus de Bowen, deen no engem Corner op 1:0 stelle konnt. Nom Téi huet Liverpool direkt duerch de Robertson egaliséiert, éier d'Partie no Chaos am Strofraum vun der Lokalekipp duerch e Selbstgol gedréint gouf. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet den Antonio seng Faarwen awer nees zum Ausgläich gekäppt. Liverpool verléiert domat e wéineg den Uschloss un Arsenal a Manchester City, déi nach ee respektiv zwee Matcher manner hunn.
Manchester - United - Burnley 1:1
1:0 Antony (79'), 1:1 Amdouni (87')
An enger ausgeglachener éischter Hallschent hate béid Ekippe gutt Chancen op d'Féierung, ma et sollt awer mat engem 0:0 an d'Paus goen. Duerno huet d'Lokalekipp am Old Trafford den Toun uginn an an der 79. Minutt duerch den Antony den 1:0 markéiert. Burnley huet allerdéngs net geschloe ginn a krut kuerz viru Schluss en Eelefmeter, deen den Amdouni verwandele konnt. Domat verléieren d'Red Devils ëmmer méi den Uschloss u Plaz 5, wärend Newcastle just nach 1 Punkt hannendrun op Plaz 7 läit. Fir Burnley ass dee Punkt zu Manchester och ze wéineg, soudass een op Plaz 19 bleift.
Aston Villa - Chelsea 2:2
1:0 Cucurella (4', Selbstgol), 2:0 Rogers (42'), 2:1 Madueke (62'), 2:2 Gallagher (81')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
US Lecce - AC Monza 1:1
1:0 Krstovic (90+2'), 1:1 Pessina (90+6')
Juventus Turin - AC Milan 0:0
An der éischter Hallschent hunn d'Spectateuren zu Turin eng ausgeglache Partie ze gesi kritt, an där keng Formatioun Mëttele géint déi géigneresch Defense fonnt huet. No der Paus ass d'Lokalekipp awer besser ginn an huet d'"Rossoneri" net méi vill un de Ball gelooss, ma d'Féierung sollt awer net falen. Um Enn trennt ee sech mat engem 0:0, woumat den Tabellenzweeten aus Mailand weiderhin eng Avance vu 5 Punkten op Juventus op Plaz 3 huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Paris Saint-Germain - AC Le Havre 3:3
0:1 Operi (19'), 1:1 Barcola (29'), 1:2 Ayew (38'), 1:3 Touré (61', Eelefmeter), 2:3 Hakimi (78'), 3:3 Ramos (90+5')
De PSG huet géint Le Havre net vill mam Ballbesëtz unzefänke gewosst a louch schonn no 20 Minutten a Réckstand. Och op dem Barcola säin Ausgläich hat den Ayew eng Äntwert, soudass et mat enger iwwerraschender Féierung fir d'Visiteuren an d'Kabinne gaangen ass. Och an den zweete 45 Minutten huet den Ofstigskandidat gutt dogéint gehalen a krut no enger Stonn en Eelefmeter, deen den Touré verwandelt huet. Vun do un hu just nach d'Paräisser gespillt, déi mat enger Victoire virzäiteg Champion gi wieren. Goler vun Hakimi a Ramos hu schliisslech nach fir en 3:3 gesuergt, woumat den Tabellenzweeten just nach reng rechneresch Chancen op den Titel huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
UD Las Palmas - FC Girona 0:2
0:1 Lopez (26'), 0:2 Dovbyk (57', Eelefmeter)
Atlético Madrid - Athletic Bilbao 3:1
1:0 De Paul (15'), 1:1 Williams N. (45'), 2:1 Correa (52'), 3:1 Simon (80', Selbstgol)
No engem ausgeglachene Start huet een ofgefälschten Distanzschoss vum de Paul fir den 1:0 gesuergt. Et war ee Match op Aenhéicht, an deem et awer wéineg Aktiounen an de Strofraim goufen. No engem Konter virun der Paus huet den Nico Williams, dee kuerz virdru vun enger Partie Spectateure rassistesch beleidegt gouf, dunn den Ausgläich markéiert. E puer Minutten no der Paus huet de Koke de Correa mat enger schéiner Pass an d'Déift fonnt, soudass deen de Ball just nach huet misse laanscht de Simon am Gol vun de Gäscht bréngen. Dee war et dunn och, deem de Ball no 80 Minutten onglécklech vum Potto un de Réck gesprongen ass, soudass hien de Match onfräiwëlleg decidéiert huet. Atlético Madrid verdeedegt domat Plaz 4, andeems ee sech 6 Punkte vum direkte Konkurrent aus Bilbao ofsetzt.