Donieft verléiert Augsburg kloer géint Bremen a Wolfsburg setzt sech duerch e spéide Gol zu Freiburg duerch.

An den internationale Lige gouf et ënner anerem ee Succès fir Atlético Madrid wärend de PSG a Liverpool net iwwer Gläichspiller erauskomm sinn.

Leipzig bleift weider en Angschtgéigner vun Dortmund a setzt sech doheem mat 4:1 duerch. De BVB ass zu Leipzig besser an de Match komm an huet sech duerch een herrleche Gol vum Sancho mam 1:0 belount. RB huet dorop awer direkt déi passend Äntwert fonnt an huet just e puer Minutten dono duerch den Openda ausgeglach. D'Haushären hunn duerch dëse Gol Confiance getankt, Schwaarz-Giel ass dogéint kaum méi zu Geleeënheete komm. Kuerz virun der Paus war et dunn de Sesko, deen no enger Parad vum Kobel richteg stoung an déi verdéngte Féierung schéisse konnt. Dortmund ass och no der Paus net gutt aus de Kabinne komm an huet direkt den nächste Géigegol duerch de Simakan missen astiechen. Vun dësem Schock hunn d'Visiteure sech net erholl, offensiv konnte si kaum méi geféierlech Aktioune kreéieren. An der 80. Minutt huet de Baumgartner dunn aus kuerzer Distanz den Deckel dropgemaach. RB distanzéiert Dortmund an der Tabell domat op 5 Punkten an dierft d'Qualifikatioun fir d'Champions League sécher hunn. Wéinst der Reform kéint allerdéngs och Plaz 5 fir de BVB duergoen, fir d'nächst Joer an der Kinneksklass ze spillen.

D'Bayern gewannen no engem iwwerzeegenden Optrëtt mat 2:1 géint Frankfurt. Virun der Partie géint Real Madrid an der Champions League hunn d'Bayern vun Ufank un Dominanz opgebaut a sinn duerch de Kane schonn no 9 Minutten a Féierung gaangen. Aus dem Näischt ass Frankfurt dunn zum Ausgläich komm, nodeems den Neizougang Ekitike den Neuer mat engem prezisen Ofschloss iwwerwanne konnt. D'Partie ass dunn e wéineg verflaacht, kuerz virun der Paus hu béid Formatiounen nach eng Chance op d'Féierung leie gelooss. No enger Stonn gouf de Müller dunn am Strofraum vum Koch mam Ielebou am Gesiicht getraff. Den Eelefmeter gouf vum Kane souverän verwandelt, deen domat op en Neits fir ee verdéngten Avantage fir seng Faarwe gesuergt huet. Dobäi sollt et bis zum Schluss bleiwen, woumat de Rekordchampion déi zweet Plaz festegt.

Zu Augsburg ass Bremen eng iwwerraschend däitlech 3:0-Victoire gelongen. No enger éischter Hallschent mat wéinegen Aktiounen a béide Strofraim konnt de Schmid d'Gäscht no 52 Minutten a Féierung bréngen. Kuerz drop huet den Ducksch vum Punkt d'Nerve behalen an op 0:2 gestallt. Augsburg ass och am zweeten Duerchgang kaum zu geféierleche Momenter komm an dem Deman säi Gol huet schliisslech fir d'Decisioun gesuergt. Bremen huet domat endgülteg näischt méi mam Ofstigskampf ze dinn. Augsburg verpasst wichteg Punkten am Kampf ëm déi europäesch Qualifikatioun a läit elo just nach 2 Punkte viru Werder, déi domat och nach eemol uewen agräife kéinten.

Freiburg huet sech doheem misse mat 1:2 géint Wolfsburg geschloe ginn. Am éischten Duerchgang war Freiburg déi besser Ekipp, huet awer eng ganz Partie Chancen ongenotzt gelooss. Kuerz virun der Paus huet dunn e Selbstgol vum Bornauw fir de verdéngten 1:0 gesuergt. No der Paus huet eng rout Kaart fir de Freiburger Sildillia dunn d'Partie op d'Kopp gestallt. Wolfsburg ass besser ginn a konnt duerch ee Fräistouss vum Arnold ausgläichen. Kuerz drop hat de Sallai d'Chance fir per Eelefmeter nees op 2:1 ze stellen, ma hien ass ausgerutscht an huet sech un d'Standbeen geschoss. An der 90. Minutt huet de Lacroix du mat engem schéinen Distanzschoss d'Partie decidéiert, soudass d'Gäscht déi dräi Punkte mat op Wolfsburg huelen a sech vu Plaz 13 ofsetze kënnen.

Am Owesmatch hu Stuttgart a Leverkusen sech mat 2:2 getrennt, woumat déi Leverkusener Serie vu Matcher ouni Néierlag elo bei 46 Partië läit. An den éischte 45 Minutte hat Stuttgart zwar méi de Ball, de Champion war allerdéngs déi méi zwéngend Ekipp an hat e puer Occasiounen op den éischte Gol. Stuttgart ass verbessert aus der Paus komm an huet duerch de Führich direkt op 0:1 gestallt. 10 Minutten drop ass den Undav no enger Onopmierksamkeet vu Leverkusen aus 16 Meter fräi zum Schoss komm a konnt erhéijen. D'Äntwert vun der "Werkself" huet net laang op sech waarde gelooss, soudass den Adli no enger gudder Stonn verkierze konnt. An der Suite hu virun allem d'Visiteure gedréckt, ma och de VfB hat gutt Occasioune fir den drëtte Gol. Bei der leschter Aktioun vum Match ass den Andrich dunn no engem Fräistouss un de Ball komm an huet dee just nach missen zum 2:2 iwwer d'Linn bréngen. Domat geet d'Serie vum Xabi Alonso senger Ekipp weider, déi dës Saison nach net als Verléierer vum Terrain gaangen ass. Stuttgart ass iwwerdeems elo 5 Punkten hannert de Bayern op Plaz 3.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell