De Lëtzebuerger Fechter huet sech an der Véierelsfinall missen dem Éisträicher Josef Mahringer geschloe ginn.

Fechten: Enttäuschung vum Flavio Giannotte sëtzt déif / Reportage Franky Hippert

Um Sonndeg war d'Suite vum Qualifikatiounstournoi fir Olympia zu Déifferdeng, an do war och de Flavio Giannotte dobäi.

De Flavio Giannotte huet an der Véierelsfinall verluer a konnt sech keen Ticket fir d'Olympiad sécheren.

De Fechter huet an de Véierelsfinalle mat 13:15 géint de Josef Mahringer verluer. De Mahringer war de ganze Match iwwer am Avantage. Beim 11:12 aus Lëtzebuerger Siicht ass et nach emol spannend ginn. Den Éisträicher huet sech um Enn awer d'Victoire geséchert an ass an de Final 4 vum Qualifikatiounstournoi agezunn. An der Ronn vun de leschte 16 Fechter hat den Giannotte sech géint den Däitsche Marco Brinkmann mat 15:13 duerchgesat.

Fir den olympeschen Ticket ze kréien, hätt den Giannotte den Tournoi misse gewannen. Am Epée huet sech den Hollänner Tristan Tulen fir Paräis qualifizéiert. Bei den Dammen huet d'Bulgarin Yoana Ilieva am Säbel d'Qualifikatioun fir d'Olympiad gepackt.

Véier weider Tickete fir d'Olympesch Spiller si schonn um Freideg an um Samschdeg verdeelt ginn. Bei den Dammen hu sech d'Pauline Brunner aus der Schwäiz (Epée) an d'Rumänin Malina Calugareanu (Fleuret) qualifizéiert. Bei den Häre sinn den Alex Tofalides aus Zypern (Fleuret) an den Tierk Enver Yildirim (Säbel) zu Paräis mat dobäi.