Tornado Lëtzebuerg spillt am Final 4 fir den Opstig

Den nationalen Äishockey-Championnat ass eriwwer, ma den Tornado Lëtzebuerg ass vu Freideg bis e Sonndeg an der drëtter franséischer Divisioun am Asaz.
Do huet sech de Lëtzebuerger Champion duerch eng 5:2-Victoire zu Anglet leschte Samschdeg fir de Final 4 fir den Opstig an déi zweet franséisch Liga qualifizéiert.
Vun Oktober un huet de Lëtzebuerger Champion kee Match méi verluer. D'Erwaardunge goufen dës Saison alleguer iwwertraff, dofir ass d'Virfreed op dëse Weekend ëm sou méi grouss. Dozou de Vize-President vum Tornado Lëtzebuerg, den Alain Schneider:
"Obwuel mir am Final 4 ganz sécher als Aussesäiter gëllen, gesinn ech d'Chancen trotzdeem net esou kleng, fir den Opstig an déi zweet Divisioun ze packen. Duerch eng Ëmstrukturéierung an de Ligen a Frankräich steigen dës Saison net déi zwee éischt Ekippen aus dem Final 4, mee déi dräi éischt Ekippen op, sou datt d'Chancen awer vill méi grouss si wéi déi Jore virdrun. Ech mengen, déi Chance kënne mir notzen. Mir hunn eng gutt Ekipp. Mir wëssen dat."
Vun e Freideg bis e Sonndeg stinn 3 Matcher vum Programm. Lass geet et fir d'Ekipp vum Alain Schneider e Freiden ëm 4 Auer zu Dijon mam Match géint Chalons.
"Mir kenne Chalon ganz gutt. Déi ware bei eis am Grupp. Si sinn déi Éischt ginn, mir déi Zweet. Mir hunn zweemol géint Chalon verluer, eng Kéier knapps bei hinne mat 5:7. Duerno bei eis gouf et méi däitlech mat 1:7 verluer, mee wéi gesot, dat war zimmlech am Ufank vun der Saison. Eise Grupp ass elo ganz anescht opgestallt. Mir sinn eng besser Ekipp ginn am Laf vun der Saison an d'Chancë fir géint Chalon ze gewannen sinn do."
E Samschdeg spillt den Tornado Lëtzebuerg ëm 18 Auer géint d'Ducs de Dijon, ier si et dann e Sonndeg mat de Lions de Wasquehal ze di kréien.