De Gerson Rodrigues muss Slovan Bratislava fréizäiteg verloossen

© Roland Miny
Dat huet de slowakesche Champion e Sonndeg matgedeelt, nodeems den op Bratislava ausgeléinten Nationalspiller an der Lescht net méi am Kader stoung.
Fir de Gerson Rodrigues geet et bei Slovan Bratislava net méi weider. Dräi Méint no senger Arrivée beim slowakesche Champion huet de Club e Sonndeg matgedeelt, datt säi Kontrakt opgeléist gëtt.
De Lëtzebuerger Nationalspiller hat sech ufanks mat fënnef Goler bannent den éischte fënnef Matcher gutt an d'Ekipp agelieft, stoung zanter Mëtt Mäerz allerdéngs siwemol hannerteneen net méi am Kader. Hie wier ouni Zweiwel ee gudde Futtballspiller, ma Talent a Qualitéit géifen dobäi allerdéngs net duergoen, wann aner Qualitéite wéi Disziplin, Professionalitéit a Liewensstil net stëmmen, sou den Ivan Kmotrik, Gerant vum Veräin, deen iwwerdeems betount, datt kee Spiller jeemools iwwer der Ekipp an dem Veräin stoe géif.
Wéi et fir de Gerson Rodrigues elo weidergeet an ob hie weiderhi bei Dynamo Kiew bleift, ass de Moment nach net gewosst. Zanter sengem Depart aus der BGL Ligue war hien elo scho bei 10 verschiddene Veräiner am Asaz.
Et gouf um Sonndeg awer och nach Futtball gespillt. An der däitscher Bundesliga ass et fir de Leandro Barreiro a Mainz 05 am Match zu Heidenheim just fir een 1:1-Gläichspill duergaangen. Obwuel Mainz an der Paus a Féierung louch, ass et hinnen net gelongen de Virsprong iwwer d'Zäit ze bréngen. Fir de Leandro Barreiro a Co. geet de Kampf géint den Ofstig an deene leschten 2 Matcher an déi entscheedend Phas. Den Iwwerbléck vun der Bundesliga fannt Dir hei.
Den SV Elversberg mam Raphael Duarte als Co. Trainer huet 4:2 géint Hertha BSC gewonnen. Domat steet och fest, dass den SV Elversberg d'Klass behält an och déi nächst Saison an der 2. däitscher Bundesliga spillt.
An der 3. däitscher Bundesliga huet de Laurent Jans um Sonndeg den Owend 1:1 mat Mannheim zu Ingolstadt gespillt. Mannheim läit 2 Spilldeeg viru Schluss domat 2 Punkte virum Hallescher FC, wat aktuell fir de Klassenerhalt géif duergoen. De Kapitän vun der Nationalekipp stoung déi 90 Minutten um Terrain a krut an der 51. Minutt eng Giel Kaart gewisen.
An der hollännescher Eredivisie huet de Mica Pinto mat Vitesse Arnheim, déi jo scho sécher ofgestige sinn, mat 0:1 zu Utrecht verluer. De Lëtzebuerger ass an der 60. Minutt ausgewiesselt ginn.
Besser gelaf ass et iwwerdeems fir de Mathias Olesen an der Ofstigsgrupp vun der Schwäizer Super League. Bei der 3:1-Victoire vun Yverdon Sport géint Lausanne-Sport stoung de Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller bei der Lokalekipp 86. Minutten um Terrain, ier hie fir de Lusuena ausgewiesselt gouf.
An der Belsch huet den Anthony Moris mat Union Saint-Gilloise 0:0 géint Anderlecht gespillt. Domat verpasst St. Gilloise de Sprong op déi 2. Plaz an der Tabell a steet weiderhin 1 Punkt hannert Anderlecht op der 3. Plaz.
An Amerika huet de Maxime Chanot mat Los Angeles 1:3 géint d'San Jose Earthquakes verluer. De Lëtzebuerger Defenseur stoung déi 90 Minutten um Terrain a krut an der 25. Minutt déi Giel Kaart.
Samschdeg
An der ukrainescher Liga huet den Olivier Thill mat LNZ Cherkasy eng 0:1-Néierlag kasséiert an ass domat nach net definitiv virum Ofstig gerett. Den decisive Gol fir Obolon war schonn an der 22. Minutt gefall; dee Gol huet de Lëtzebuerger vun der Bänk aus gesinn. Den Thill gouf eréischt an der 78. Minutt agewiesselt, mee dat hat keng grouss Influenz op d'Resultat.
An Norwegen huet Kongsvinger 0:5 géint Stabaek verluer. D'Ekipp vum Lars Gerson, deen den drëtte Match hannerteneen net am Kader stoung, louch zur Paus schonn 0:3 hannen an hat ee Mann manner um Terrain. Och nom Säitewiessel sollt et keng Besserung ginn. Et war den Toppmatch vum 6. Spilldag, wou Kongsvinger als Tabelleleader an de Match goung, mee sech duerno op der 3. Plaz erëmfonnt huet.
De gudde Laf vu Stal Rzeszow gouf haart gebremst. Um 31. Spilldag an der éischter polnescher Liga ass Rzeszow mat 0:8 vum Tabellendrëtte Katowice ofgefäerdegt ginn. De Sébastien Thill stoung bei de fënnef Goler vu Katowice an der éischter Hallschent um Terrain an huet och nach ee weidere Gol live materlieft. Duerno gouf hien an der 74. Minutt ausgewiesselt an huet nach zwee weider Goler vu Katowice gesinn.
Freideg
Am Hamburger Stadderby gouf et eng 0:1-Néierlag fir St. Pauli beim HSV. Domat muss St. Pauli nach op den definitiven Opstig an d'Bundesliga waarden a verléiert d'Stadmeeschterschaft un den Hamburger Sportveräin. D'Ekipp vum Danel Sinani, deen nees de ganze Match op der Bänk souz, steet awer nach provisoresch op der éischter Plaz. E Sonndeg ka Kiel nach laanscht zéien.
De Florian Bohnert stoung bei der 1:2-Néierlag vu Bastia géint Amiens net am Kader. Bastia ka schonn zënter enger Zäitche fir eng weider Saison an der Ligue 2 plangen.