Köln wënnt spéit géint Union Berlin a verhënnert de virzäitegen Ofstig

© AFP
Donieft trenne Leipzig a Bremen sech 1:1 an och Frankfurt a Mönchengladbach spille gläich.
Köln huet géint Union Berlin dräi Punkte gebraucht fir nach vum Klassenerhalt dreemen ze dierfen, ma no engem Kappball vum Knoche an engem Eelefmeter vum Volland louch ee scho fréi mat 0:2 a Réckstand. Duerch en Eelefmeter vum Kainz huet d'Lokalekipp awer nach virun der Paus verkierzt a konnt duerch den Tigges an der 87. Minutt aus dem Näischt egaliséieren. An der Nospillzäit huet den Downs dunn d'Partie tatsächlech nach gedréint an op 3:2 gestallt, soudass d'Decisioun um leschte Spilldag fält.
Borussia Mönchengladbach a Frankfurt hu sech iwwerdeems mat 1:1 getrennt. Déi fréi Féierung vum Hack konnt nach virun der Paus duerch den Ebimbe egaliséiert ginn. Frankfurt klasséiert sech domat definitiv als 6., Gladbach huet wéinst der Defaite vun Union endgülteg näischt méi mam Ofstig ze dinn.
Am leschten Heemmatch vum laangjäregen Trainer Christian Streich ass Freiburg net iwwert en 1:1 géint Heidenheim erauskomm. Trotzdeem dierft de Breisgauer eng europäesch Qualifikatioun domat net méi ze huele sinn, an och den Opsteiger aus Heidenheim däerf weiderhin op Europa hoffen.
Bremen war zu Leipzig am éischten Duerchgang déi besser Ekipp a gouf duerch ee Selbstgol vum Seiwald mat der Féierung belount. No der Paus huet RB awer dunn d'Partie dominéiert an ass duerch de Sesko zum verdéngten 1:1 komm. Wärend Leipzig scho sécher fir d'Champions League qualifizéiert ass, kann och Werder sech um leschte Spilldag ënner Ëmstänn nach fir Europa qualifizéieren.
Am Owesmatch huet Mainz sech däitlech mat 3:0 géint eng staark rotéiert Ekipp vun Dortmund duerchgesat. Et war de Lëtzebuerger Leandro Barreiro, deen an der Ufanksphas den 1:0 schéisse konnt, éier kuerz drop ee Feeler vum Dortmunder Golkipp Meyer zum 2:0 geféiert huet. No 23 Minutten huet de Barreiro de Ball op de Lee geluecht, dee mat sengem zweete Gol scho fir kloer Verhältnisser gesuergt huet. Bis zum Enn sollt sech un dësem verdéngte Score näischt méi änneren, soudass Mainz net méi direkt ofsteige kann an de Klassenerhalt um leschte Spilldag an der eegener Hand huet.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.