Um 33. Spilldag huet de Lëtzebuerger déi decisiv Victoire vun der Bänk aus gesinn.

Sonndeg

Mat enger 3:1-Victoire géint de VFL Osnabrück huet St. Pauli ee Spilldag viru Schluss den Opstig an déi 1. däitsch Bundesliga perfekt gemaach. Nieft Holstein Kiel steet domat elo och den zweeten Opsteiger fest. Den Danel Sinani stoung dobäi eng weider Kéier ouni Asaz am Kader. Zanter sengem Wiessel am leschte Summer stoung hie bis elo sechs Mol an der 2. Bundesliga um Terrain, waart allerdéngs schonn zanter leschtem November rëm op Spillminutten.

An der hollännescher Eredivisie gouf et fir de scho feststoenden Ofsteiger Vitesse Arnhem zwee Spilldeeg viru Schluss nach ee Succès. Bei der 3:1-Victoire beim SC Heerenveen war de Mica Pinto de ganze Match iwwer am Asaz a konnt mat der Virlag fir den drëtte Gol den Deckel drop maachen.

De Seid Korac huet da beim FK Vojvodina a Serbien säin éischte Gol geschoss. Bei der 5:0-Victoire géint den FK Napredak huet de jonke Lëtzebuerger Defenseur tëschenzäitlech op 3:0 gestallt an huet och am weidere Verlaf vum Match hannen näischt zougelooss.

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg war de Maxime Chanot fir 90 Minutten an der US-amerikanescher MLS am Asaz. Den FC Los Angeles huet sech hei mat 3:0 géint d'Vancouver Whitecaps duerchgesat a steet domat punktgläich mat där Ekipp op der 5. Plaz an der Western Conference.

Samschdeg

An der Bundesliga huet de Leandro Barreiro seng Faarwen no 13 Minutten a Féierung geschoss a kuerz dono och den 3:0 opgeluecht. Well Union Berlin virdru géint Köln verluer hat, spréngt Mainz mat dësen 3 Punkten op Plaz 15 a kann net méi op eng direkt Ofstigsplaz falen. Wéinst der däitlech besserer Goldifferenz kënnen d'Mainzer sech um leschte Spilldag selwer retten, andeems si ee Punkt aus Wolfsburg mathuelen.

Waldhof Mannheim kann no enger 4:2-Victoire géint Sandhausen de Klassenerhalt an der drëtter däitscher Liga feieren. No enger furioser éischter Hallschent louch een an der Paus mat 4:0 vir, dat allerdéngs ouni de Laurent Jans, dee gespaart net am Kader stoung.

An der zweeter Bundesliga huet Elversberg mam lëtzebuergesche Co-Trainer Raphael Duarte sech misse mat 0:3 zu Nürnberg geschloe ginn. Fir den Opsteiger ass et allerdéngs ëm näischt méi gaangen, well een de Klassenerhalt no enger staarker Saison scho sécher hat.

Stel Rzeszow huet sech mat 4:2 géint Termalica Bruk-Bet behaapt an ass domat zanter 5 Heemmatcher ongeschloen, woumat een am gesécherte Mëttelfeld vun der Tabell läit. De Sébastien Thill huet déi 90 Minutte gespillt an den éischte Gol vu Rzeszow virbereet.

Am Ofstigsgrupp vun der éischter Liga an der Schwäiz huet Yverdon 1:3 beim Tabelleleschte Lausanne-Ouchy verluer. De Mathias Olesen stoung an der Startformatioun vun Yverdon, ma hien ass an der 61. Minutt beim Stand vun 0:0 ausgewiesselt ginn.

An der éischter Liga huet ZSKA Sofia beim Champion Ludogorez Rasgrad mat 1:3 de Kierzere gezunn. Domat ass d'Qualifikatioun fir d'Europa League méi schwéier ginn, ma d'Ekipp vum Enes Mahmutovic huet dës awer weiderhin an der eegener Hand. De Lëtzebuerger ass um Samschden an der 85. Minutt beim Stand vun 3:1 agewiesselt ginn.

Ouni de Lars Gerson ass Kongsvinger an der zweeter Liga an Norwegen net iwwert een 1:1 géint Raufoss erauskomm. D'Saison huet do grad ugefaangen, soudass Kongsvinger no dësem Remis mat 12 Punkten aus 7 Matcher op Plaz 5 läit.

Freideg

An der zweeter franséischer Liga huet Bastia sech mat 2:1 géint den FC Pau behaapt. De Florian Bohnert huet déi 90 Minutte gespillt a konnt ënner anerem mat 10 gewonnenen Zweekämpf iwwerzeegen.

Magdeburg a Greuter Fürth hu sech an der zweeter Bundesliga mat 0:0 getrennt. Den Eldin Dzogovic souz op Säite vu Magdeburg de ganze Match iwwer op der Bänk. Duerch d'Néierlag vu Kaiserslautern kann ee sech domat iwwert de virzäitege Klassenerhalt freeën.

An der zweeter Liga an Éisträich huet St. Pölten eng däitlech 0:4-Defaite géint den Tabellenzweete Ried missen astiechen. Den Dirk Carlson stoung bei St. Pölten, déi trotzdeem näischt méi mam Ofstig ze dinn hunn, net am Kader.