Duerch eng 1:0-Victoire géint Käerjeng kënnt d'Fola op ee Punkt un eng Barrageplaz erun. Schëffleng a Miersch sinn e Sonndeg ouni Punkte bliwwen.

Am nationale Futtballchampionnat stoung e Sonndeg den 28. vun 30 Spilldeeg um Programm.

Den F91 Diddeleng huet sech mat enger 2:1-Victoire zu Rouspert weider eng minimal Chance fir de Championstitel gehalen. Am Fall vun engem Déifferdenger Succès e Méindeg den Owend am Derby géint Nidderkuer ass der Ekipp vun Uewerkuer den Titel allerdéngs net méi ze huelen.

Péiteng huet sech duerch en 2:1-Succès géint d'Jeunesse de Verbleif an der BGL Ligue geséchert. Trotz engem 0:1-Réckstand hunn d'Goler vum Steinmetz a Muratovic um Enn den Ënnerscheed gemaach.

Fir Miersch ass et zu Hesper mat enger 1:3-Defaite näischt ze huele ginn. D'Chance duerch e Mierscher Punkteverloscht huet Schëffleng allerdéngs net konnten notzen. Géint d'UNA Stroossen gouf et fir si e Sonndeg den Owend eng 0:2-Defaite, mat där ee véier Punkten hannert enger Barrageplaz weider op der leschter Tabelleplaz stoe bleift.

Dogéint konnt allerdéngs d'Fola en Zeechen an der Lutte géint den Ofstig setzen. Mat enger 1:0-Victoire géint Käerjeng kënnen déi Escher op ee Punkt un eng Barrageplaz eru réckelen an domat weider hoffen. Duerch déi dräi Punkten ass souguer ee Sprong op eng sécher Tabelleplaz rechneresch nach méiglech.

De Racing huet sech de fréizäitege Verbleif an der BGL Ligue duerch en 1:1-Remis géint Monnerech verspillt. Mat fënnef Punkten Ecart op eng Barrageplaz feelt allerdéngs net méi vill fir och nächst Saison weider éischtklasseg ze spillen. Déi Monnerecher mussen dogéint och nach Punkte sammele fir op mannst nach d'Barrageplaz ze verloossen.

De Resumé vum Match Racing géint Monnerech
Béid Ekippen hu sech mat engem 1:1 d'Punkte gedeelt

Och Wolz konnt sech mat engem 2:2-Remis géint Munneref net decisiv vun enger Barrageplaz distanzéieren a muss weider fir de Verbleif an der BGL Ligue kämpfen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Hesper - Miersch 3:1
1:0 Correia (55'), 2:0 Delgado (74'), 2:1 Bresch (77'), 3:1 Ferrara (90+3')

Péiteng - Jeunesse 2:1
0:1 Mendes (48'), 1:1 Steinmetz (68'), 2:1 Muratovic (90+3')

Rouspert - Diddeleng 1:2
0:1 Hadji (40'), 1:1 Brandenburger (70'), 1:2 Moussaki (90+1')

Wolz - Munneref 2:2
0:1 Gassama (1'), 0:2 Gassama (31'), 1:2 Klump (50'), 2:2 Gorny (62')

Racing - Monnerech 1:1
0:1 Delgado (27'), 1:1 Ikene (82')

D'Tabell