Arsenal rëm un der Tabellespëtzt, Leverkusen 50 Matcher ongeschloen

© AFP
Mat 1:0 hu sech d'Gunners am Old Trafford duerchgesat. Fir den däitsche Champion gouf et eng kloer 5:0-Victoire zu Bochum.
Am internationale Futtballchampionnat kënnt d'Saison lues a lues op en Enn. Eng Decisioun am Duell ëm de Championstitel ass an England allerdéngs nach net gefall. Duerch eng 1:0-Victoire géint Manchester United dréckt sech Arsenal nämlech rëm ëm ee Punkt laanscht Manchester City un d'Tabellespëtzt. Déi kënnen d'Féierung en Dënschdeg awer rëm mat engem Succès géint Tottenham zréck u sech rappen.
An der Bundesliga ka sech Bayern iwwerdeems mat dräi Punkten laanscht Stuttgart rëm op déi zweet Plaz setzen a Leverkusen ass no engem 5:0-Succès géint Bochum just nach eng Victoire fort fir d'Bundesliga-Saison ouni Defaite op en Enn ze bréngen.
Fir de PSG gouf et dann an der Ligue 1 beim leschten Heemmatch vum Kylian Mbappé eng 1:3-Defaite géint Toulouse an den FC Metz verspillt sech an de leschte puer Minutte vum Match d'Féierung géint Stroossbuerg a muss mat enger Defaite dräi ganz wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig leie loossen. Monaco qualifizéiert sech iwwerdeems fir d'Champions League.
Och an der Serie A hu sech zwou weider Ekippe scho fréizäiteg hir Plazen an der Kinnéksklass fir déi nächst Saison geséchert. No de Resultater vum 36. Spilldag steet fest datt nom Champion Inter an dem AC Mailand souwuel Bologna wéi och Juventus sécher qualifizéiert sinn.
Bundesliga
Darmstadt - Hoffenheim 0:6
0:1 Bebou (2'), 0:2 Beier (6'), 0:3 Kaderabek (22'), 0:4 Kabak (26'), 0:5 Beier (44'), 0:6 Bebou (51')
Bayern - Wolfsburg 2:0
1:0 Zvonarek (4'), 2:0 Goretzka (13')
Bayern huet sech duerch eng 2:0-Victoire géint Wolfsburg déi zweet Tabelleplaz vu Stuttgart zréckgeholl. Zwee séier Goler vum Zvonarek a Goretzka hu scho fréi fir d'Münchener Féierung gesuergt, mat där d'Haushären de Match weiderhin och kontrolléiert hunn. Um Enn war Wolfsburg offensiv net konsequent genuch fir nach eppes kënne mat Heem ze huelen.
Bochum - Leverkusen 0:5
0:1 Schick (41'), 0:2 Boniface (45+2'), 0:3 Adli (76'), 0:4 Stanisic (86'), 0:5 Grimaldo (90+3')
Duerch eng Rout Kaart fir d'Lokalekipp war d'Aufgab scho fréi am Match fir de Favorit aus Leverkusen däitlech méi einfach. Sou war et nëmmen eng Fro vun der Zäit bis de frëschen däitsche Champion a Féierung gaangen ass. D'Goler vum Schick a Boniface hu fir den 2:0-Spillstand fir d'Paus gesuergt. Nom Säitewiessel hu weider Goler vum Adli, Stanisic a Grimaldo d'Victoire perfekt gemaach, duerch déi Leverkusen elo 50 Matcher hannerteneen ouni Defaite bleift.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Manchester United - Arsenal 0:1
0:1 Trossard (20')
Arsenal hält d'Hoffnungen op de Championstitel duerch eng 1:0-Victoire géint Manchester United weider um Liewen. No 20 Minutte konnten d'Gunners hir éischt gutt Chance notzen an duerch e Gol vum Trossard a Féierung goen. D'Lokalekipp huet sech am weidere Spillverlaf fir den Ausgläich engagéiert, dat awer ouni wierklech Gefor ze weisen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Juventus - Salernitana 1:1
0:1 Pierozzi (27'), 1:1 Rabiot (90+3')
Juventus huet géint de scho feststoenden Ofsteiger Salernitana an der Nospillzäit eng Defaite verhënnert krut. Nom 1:0 fir de Gaascht an der 27. Minutt war Juventus offensiv ze harmlos. Zum Schluss vum Match huet sech den Ausgläich dann ëmmer méi ugedeit a sou sollt et dem Rabiot um Enn nach geléngen ee Punkt ze sécheren.
Atalanta - AS Roum 2:1
1:0 de Ketelaere (18'), 2:0 de Ketelaere (20'), 2:1 Pellegrini (66')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
PSG - Toulouse 1:3
1:0 Mbappé (8'), 1:1 Dallinga (13'), 1:2 Gboho (68'), 1:3 Magri (90+5')
Montpellier - Monaco 0:2
0:1 Ouattara (52'), 0:2 Fofana (65')
Stroossbuerg - Metz 2:1
0:1 Mikautadze (54'), 1:1 Emegha (89'), 2:1 Santos (90+1')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Atlético Madrid - Celta Vigo 1:0
1:0 de Paul (84')