Hueschtert-Folscht wënnt Championstitel am Golden Match
E Sonndeg war am nationalen Dëschtennis-Championnat déi zweet Finall an der Best-of-2-Serie.
Nodeems Berbuerg eng geckeg éischt Finall doheem an der eegener Hal gewanne konnt, huet den Titelverdeedeger Hueschtert-Folscht e Sonndeg virun eegenem Public misse gewannen.
Et war wéi schonns leschte Sonndeg e spannende Match op ganz héijem Niveau mat enger fir den Dëschtennis aussergewéinlecher Ambiance.
Hueschtert-Folscht huet par rapport zum éischte Match d‘Opstellung liicht geännert an de Maël van Dessel vir opgesat. Dat sollt sech bezuelt maachen, well de Lëtzebuerger Champion am Eenzel huet seng béid Matcher gewonnen a seng Ekipp esou am Match gehalen.
No de Simplë stoung et 4:4 an esou huet d‘Decisioun an den Dubbele misse falen. Déi endgülteg Entscheedung gouf et awer och hei nach net.
Well Hueschtert-Folscht béid Dubbele gewonnen huet, hu si de Match mat 6:4 gewonnen. An der Best-of-2-Serie stoung et elo also 1:1 an d‘Decisioun ëm de Championstitel huet am „Golden Match“ misse falen.
An do konnt Hueschtert-Folscht sech am fënneften decisive Saz duerchsetzen an ass domat fir déi drëtte Kéier noenee Champion.