Mumbles a WalesAwunner vu senger Heemechtsstad erweise Bonny Tyler déi lescht Éier

AFP, iwwersat vun RTL
Gutt ee Mount nom Doud vun der Rocksängerin Bonny Tyler hu Fans an Awunner sech eng leschte Kéier fir e Weltstar zesummefonnt.
© JUSTIN TALLIS/AFP

Op Mumbles, der walisescher Heemechtsstad vun der Sängerin, net wäit vu Swansea ewech, gouf de Sarg vum Bonny Tyler nämlech gefouert. D'Stroossen an der Stad ware voll mat Fans an Awunner, déi der verstuerwener Sängerin eng lescht Éier erweise wollten, iert si nees doheem an hirem fréiere Wunnhaus ukomm ass. De Public huet ënnert anerem applaudéiert, Blummen op de Läichewon gehäit an dem Tyler säi Welthit "Total Eclipse of the Heart" gesongen.

Mat Hits wéi "It's a Heartache", "Holding Out for a Hero" an eben "Total Eclipse of the Heart" ass d'Bonny Tyler zu engem weltwäite Star ginn a bis an den héijen Alter bekannt a beléift bei de Fans gewiescht. D'Sängerin ass den 8. Juli am Alter vu 75 Joer an engem Spidol a Portugal gestuerwen. Virdru louch si no enger Noutoperatioun wochelaang am kënschtleche Koma. E Méindeg soll d'Bonnie Tyler zu Swansea, am Kader vun enger Feier am Familljen- a Bekanntekrees, bäigesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO