Eng honnerte Joer al TraditiounLéiffrawëschdag 2026 zu Greiweldeng um Samschdeg

Christophe Hochard
Zu Greiweldeng gouf e Samschdeg déi 42.Editioun vum Léiffrawëschdag geféiert.
Eng honnerte Joer al Traditioun
Zu Greiweldeng gouf e Samschdeg déi 42.Editioun vum Léiffrawëschdag geféiert.

Dëse Brauch staamt aus dem 17.Joerhonnert. Fréier hunn déi verstuerwe Leit e Wësch an d'Doudelued geluecht kritt. Ausserdeem gouf esou e Wësch am Stall vum Bauer opgehaangen. E soll d'Véi viru Krankheete schützen.

Zanter 1985 gëtt dësen ale Brauch zu Greiweldeng erëm opliewe gelooss. Bis zu 30 Kraider kommen an e Wësch. Ausserdeem nach eng Muert an Zwibbel. Wéinst der Dréchent an der Hëtzt war et dëst Joer vill méi schwéier genuch Kraider ze fannen. Villes war nämlech scho verblitt.

Back to Top
CIM LOGO