Éischt Defaite no 51 Matcher, Bergamo wënnt d'Europa League géint Leverkusen

© Paul Ellis / AFP
E Mëttwoch stoung d'Finall vun der Europa League um Programm, an där Leverkusen op Bergamo getraff ass. Um Enn gouf et eng 3:0-Victoire fir d'Italiener.
No ganzer 51 Matcher an der Saison ouni Defaite ass den däitsche Meeschter aus Leverkusen als Favorit an d'Finall gaangen. Allerdéngs sinn d'Leverkusener der Favoritteroll den Owend net gerecht ginn. Si hu sech schwéier gedoe géint eng exzellent opgestallten Ekipp vum Atalanta, déi fokusséiert a konzentréiert opgetrueden ass. Um Enn hunn dräi Goler vum nigerianesche Spiller Lookman de Match entscheet, soudatt Atalanta sech mat 3:0 duerchsetzen, sech den Titel sécheren a Leverkusen déi éischten Defaite an der Saison aschenke kann.
Atalanta Bergamo - Bayer Leverkusen 3:0
1:0 Lookman (12'), 2:0 Lookman (26'), 3:0 Lookman (75')
Atalanta hat kloer de bessere Start an de Match erwëscht an huet déi Leverkusener Spiller fréi ënner Drock gesat a sech esou eng sëllege Chancë kreéiert. An der 12. Minutt sollte sech d'Italiener du fir hir Méie belounen. Dëst duerch de Lookman, dee vun engem Lapsus vum Leverkusener Palacios profitéieren an de Score op 1:0 setze konnt. Vu Leverkusen koum an der Ufanksphas relativ wéineg. Esou huet et bis an déi 18. Minutt gedauert, ier datt d'Männer vum Trainer Xabi Alonso e Schoss a Richtung géigneresche Gol lassgelooss hunn. Mä de Schoss vum Stanisic huet de Musso am Gol vun den Italiener viru keng gréisser Problemer gestallt. An der 26. Minutt sollt et du fir déi zweete Kéier op italieenescher Säit rabbelen. Nees war et de Lookman, deen e Gol markéiere konnt: Bei sengem Distanzschoss no engem schéinen Dribbling huet den nigerianeschen Nationalspiller dem Kovar am Leverkusener Gol keng Chance gelooss. An der 35. Minutt hat de Grimaldo aus dem Näischt nach d'Méiglechkeet fir de Score ze verkierzen, allerdéngs sollt dëse säi Meeschter am Musso fannen, soudatt et beim 0:2 aus Leverkusener Siicht bliwwen ass. Um Enn konnt Bayer Leverkusen nach frou sinn, datt et mat dësem Score op den Téi gaangen ass. Dëst well Bergamo nach déi eng oder aner Méiglechkeet hat, fir nach en drëtte Gol ze markéieren.
Nom Téi hat ee sech eng Reaktioun vun de Leverkusener erwaart. Dës ass awer iwwert wäit Strecke vun der zweeter Hallschent ausbliwwen. Bergamo huet de Match geréiert a stoung hanne stabil. Deemno hunn d'Italiener hanne seelen eppes ubrenne gelooss, soudatt Bayer Leverkusen nëmmen heiansdo geféierlech virum Musso opdauche konnt, esou ewéi an der 58. Minutt de Frimpong, dee säi Schoss awer däitlech iwwert de Gol gesat huet. Et war net den Dag vum däitsche Meeschter, dee sech am Stuerm richteg schwéier gedoen huet, géint eng konzentréiert a fokusséiert Ekipp vum Atalanta, déi an den zweete 45 Minutten op Konteren a séier Virstéiss gelauert huet. An esou e Virstouss sollt an der 75. Minutt fir d'Virentscheedung suergen. De Scamacca huet fir de Lookman opgeluecht, dee mat engem schéine Schoss säin drëtte Gol markéieren an de Match fir seng Faarwen entscheede konnt. Um Enn setzt sech Atalanta Bergamo verdéngt mat 3:0 géint Bayer Leverkusen duerch a ka fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Veräin en internationalen Titel gewannen. Fir Bayer Leverkusen ass dëst iwwerdeems déi éischten Defaite an der Saison.