D'Bundesliga huet een neien Tabelleleader an deen heescht FC Augsburg. E Sonndeg de Mëtteg konnt een ee fréie Réckstand zu Frankfurt nach dréinen an um Enn nach relativ kloer mat 4:1 wannen. Domat steet Augsburg elo no zwee Spilldeeg mat sechs Punkten un der Tabellespëtzt.
An England kann Arsenal dann nieft engem perfekte Start an d'Saison mat néng Punkten aus dräi Matcher dann och eng Derby-Victoire feieren. Am Match doheem géint den FC Chelsea konnten d'Gunners op e fréie Réckstand reagéieren an um Enn nach mat 2:1 wannen.
Weider ouni Punkteverloscht bleift a Spuenien dann och den FC Barcelona. Um 4. Spilldag hunn d'Katalanen zu Valencia mat 5:0 gewonnen a stinn doduerch weider souverän un der Tabellespëtzt.
A Gol-Laun war an der Ligue 1 da Stroossbuerg, déi sech mat 6:2 géint Troyes behaapte konnten.
Hamburg - Mainz 0:5
0:1 Becker (19'), 0:2 Mwene (41'), 0:3 Tietz (48'), 0:4 Tietz (83'), 0:5 Königsdörffer (90+1')
Den HSV huet virun den eegene Spectateuren ee richtegt Debakel erlieft. Am Hamburger Volksparkstadion louch den 1. FSV Mainz 05 schonn an der Paus héich verdéngt mat 2:0 a Féierung. Och nom Säitewiessel hunn d'Gäscht net nogelooss a séier op 3:0 duerch de Philip Tietz erhéicht. Relativ séier war kloer, datt den HSV op dësem Nomëtteg keng Reaktioun méi weise géif. De 4:0 a 5:0 an der Schlussphas hu fir Mainz dann d'Kiischt op de Kuch gesat an den Hamburger Fans war de Frust op den Tribünen unzemierken.
Frankfurt - Augsburg 1:4
1:0 Burkardt (6'), 1:1 Ibrahimovic (46'), 1:2 Fellhauer (47'), 1:3 Claude-Maurice (65'), 1:4 Rieder (89')
Och Frankfurt huet fir den éischten Heemmatch vun der neier Saison ee schwaarzen Dag erwëscht a mat 1:4 géint den FC Augsburg verluer. Dobäi hat de Match fir d'Eintracht mat engem fréie Gol duerch den Jonathan Burkardt an der 6. Minutt perfekt ugefaangen. Och duerno waren d'Haushären déi besser Ekipp a louche fir d'Paus héich verdéngt a Féierung.
Fir de Start vun der zweeter Hallschent waren d'Rollen dann awer komplett gewiesselt a bannent zwou Minutte louch op eemol de Gaascht an der 47. Minutt mat 2:1 a Féierung. Zwar huet ee sech beméit, dorop eng Äntwert ze weisen, ma an der 65. Minutt huet den Alexis Claude-Maurice op 3:1 erhéicht. Den Debakel fir Frankfurt war da spéitstens mam 4:1 duerch een direkte Fräistouss vum Fabian Rieder perfekt, wouduerch Augsburg elo mat sechs Punkten neien Tabelleleader an der Bundesliga ass.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Everton - Manchester United 2:2
0:1 Mbeumo (46'), 1:1 George (83'), 1:2 Sesko (88'), 2:2 Maitland-Niles (90+6')
Arsenal - Chelsea 2:1
0:1 Rogers (2'), 1:1 Havertz (25'), 2:1 Ödegaard (50')
Arsenal huet de London-Derby géint Chelsea mat 2:1 fir sech entscheet a bleift domat och nom 3. Spilldag ouni Punkteverloscht. Dobäi waren d'Blues am Emirates Stadium schonn no 80 Sekonnen duerch ee Gol vum Morgan Rogers a Féierung gaangen. An enger animéierter Partie gouf de Spectateure vill gebueden a sou war et an der 25. Minutt de Kai Havertz, deem den 1:1-Ausgläich gelongen ass.
Kuerz no der Paus hunn d'Gunners dann nogeluecht. No enger flaacher Flank an d'Mëtt huet de Kai Havertz gekonnt fir de Martin Ödegaard duerchgelooss, deen dann op 2:1 gestallt huet. An der Schlussphas war Arsenal engem drëtte Gol méi no drun, wéi Chelsea engem méiglechen Ausgläich a sou sollten déi dräi Punkten am Derby bei de Gunners bleiwen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Frosinone - Venedeg 3:2
1:0 Raimondo (21'), 2:0 Raimondo (39'), 2:1 Yeboah (66'), 2:2 Sagrado (74'), 3:2 Kvernadze (83')
Parma - Monza 1:1
0:1 Robinson (38'), 1:1 Lontani (60')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Troyes - Stroossbuerg 2:6
1:0 Mille (9'), 1:1 Ortega (40'), 1:2 Sousa (42'), 1:3 Reyna (57'), 1:4 Amo-Ameyaw (85'), 1:5 Amo-Ameyaw (88'), 1:6 Harder (90+2'), 2:6 Le Douaron (90+5')
Angers - Rennes 1:2
0:1 Frankowski (9'), 0:2 Lefort (17'), 1:2 Arcus (35')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Valencia - Barcelona 0:5
0:1 Yamal (6'), 0:2 Fermin (22'), 0:3 Raphinha (50'), 0:4 Pedri (79'), 0:5 Yamal (84')
Den FC Barcelona weist sech an der neier Saison weider vu senger beschter Zäit an huet e Sonndeg Valencia mat 5:0 deklasséiert. Schonn no sechs Minutten huet den 1:0 vum Lamine Yamal gewisen, wien d'Wuert an dësem Match ze schwätze géif hunn. An enger eesäiteger Partie konnt de Fermin an der 22. Minutt op 2:0 erhéijen. No der Paus dann een onverännert Bild a spéitstens nom 3:0 duerch de Raphinha an dem 4:0 duerch de Pedri war d'Saach da giess. De Schlusspunkt huet de Lamine Yamal an der 84. Minutt mam 5:0 gesat.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga