Futtball
Tickete fir Frëndschaftsmatch géint Frankräich séier vergraff

© Val Wagner
Zanter en Donneschdeg de Moien 10 Auer konnt een um Site vun der FLF Tickete fir de Frëndschaftsmatch tëscht Frankräich a Lëtzebuerg kafen.
D'Tickete si fir de Lëtzebuerger Block hannert engem Gol a si kaschten 20 Euro. Et konnt ee maximal 2 Tickete pro Email-Adress kafen. Um 10.15 Auer war et d'Meldung um Site vun der FLF, dass keng Tickete méi ze kréie wieren.
D'FLF huet dann och op Nofro confirméiert, dass d'Ticketen all vergraff wieren.
De Match ass de 5. Juni um 21 Auer zu Metz.
Am meeschte gelies