D'Ekipp vum Erik ten Haag huet sech an der Finall mat 2:1 géint Manchester City duerchgesat. Et war den 13. Titel fir United am FA Cup.

Am internationale Futtball stoungen um Samschdeg eng rei Finallen um Programm.

An England huet sech Manchester United d'Victoire am FA Cup geséchert.

Leverkusen ass de neie Coupegewënner an Däitschland a PSG huet Lyon an der Finall vun der Coupe de France geklappt.

Juventus huet sech am leschte Match vun der Saison an der Serie A 2:0 géint Monza behaapt.

FA Cup

Manchester City - Manchester United 1:2
0:1 Garnacho (30'), 0:2 Mainoo (39'), 1:2 Doku (87')

An der éischter Hallschent war et eng Partie op Aenhéicht. City hat méi de Ball, d'Red Devils stoungen defensiv sécher an hu quasi näischt zougelooss. No 30 Minutten huet United et mat engem laange Ball op de Garnacho probéiert. No engem Malentendu tëscht dem Ortega am Gol vu City an dem Gvardiol huet de Spiller vu United den 1:0 markéiert. United war elo voll am Match an no engem Abseits-Gol, deen net gezielt huet, konnt de Mainoo op 2:0 erhéijen. Mat dem Resultat ass et och an d'Kabinne gaangen.

Nom Säitewiessel huet City Drock gemaach a sech riseg Chancen erausgespillt. An der 55. Minutt huet den Haaland d'Lat getraff. 9 Minutte méi spéit huet den Alvarez no enger schéiner Virlag vum Foden aus kuerzer Distanz knapp laanscht de Gol geschoss. D'Citizens hu konsequent no vir gespillt a goufen an der 87. Minutt mat engem Gol belount. Den Doku hat mat engem Schoss aus ronn 17 Meter an de kuerzen Eck getraff. United huet sech just nach hannendra gestallt an d'Victoire iwwer d'Zillinn gerett. Duerch d'Victoire am FA Cup huet sech ManU och fir d'Europa League qualifizéiert.

DFB-Pokal

Um Samschdeg Owend huet Leverkusen 1:0 géint Kaiserslautern gewonnen an den éischten Doublé an der Veräinsgeschicht gefeiert.

Coupe de France

A Frankräich huet PSG d'Coupefinall géint Lyon mat 2:1 gewonnen.

Serie A

Juventus - Monza 2:0
1:0 Chiesa (26'), 2:0 Sandro (28')

Juventus huet duerch dës Victoire eng Champions-League-Plaz sécher. Zwee schnell Goler hannertenee vum Chiesa a vum Sandro sinn dem Favorit duergaangen, fir de Match fir sech ze entscheeden. Monza huet matgehalen, hat um Enn awer keng Chance zu Turin.