Leverkusen spillt zu Jena, Bayern muss op Ulm

© AFP
Donieft däerf de BVB op Lübeck reesen. Den 2. Finalist vun dësem Joer Kaiserslautern huet en Auswäertsmatch zu Ingolstadt.
Um Samschdeg gouf zu Dortmund am Futtballmusée déi 1. Ronn vum DFB-Pokal ausgeloust.
Den Titelverdeedeger Leverkusen spillt zu Jena, Bayern huet keng wäit Urees an däerf zu Ulm untrieden. Den 1. FC Phönix Lübeck huet sech gefreet, fir sech mam Champions-Legaue-Finalist Dortmund ze moossen.
D'Lëtzebuerger dierfen sech och op flott Partië freeën. Den Danel Sinani fiert mat Sankt Pauli op Halle a Magdeburg, d'Ekipp vum Eldin Dzogovic, spillt zu Offenbach géint d'Kickers. De Raphael Duarte, Co-Trainer vun Elversberg, huet en Auswäertsmatch zu Hildesheim. De Golkipp vun Aue Tim Kips kritt et doheem mat Gladbach ze dinn.
D'Matcher vun der 1. Ronn ginn de Weekend vum 17. August gespillt. Leverkusen zu Jena a Stuttgart zu Münster spille réischt Enn August, well béid Ekippe virdrun nach am däitsche Supercup untrieden.
Déi 1. Ronn am Iwwerbléck
Dynamo Dresden - Fortuna Düsseldorf
Arminia Bielefeld - Hannover 96
Jahn Regensburg - VfL Bochum
Preußen Münster - VfB Stuttgart
Eintracht Braunschweig - Eintracht Frankfurt
Erzgebirge Aue - Borussia Mönchengladbach
Sportfreunde Lotte - Karlsruher SC
Bremer SV - SC Paderborn SV
Meppen - Hamburger
SV Würzburger Kickers - TSG Hoffenheim
1. FC Phönix Lübeck - Borussia Dortmund
VfV 06 Hildesheim - SV Elversberg
FC 08 Villingen - 1. FC Heidenheim
1. FC Saarbrücken - 1. FC Nürnberg
FC Energie Cottbus - Werder Bremen
TuS Koblenz - VfL Wolfsburg
Rot-Weiss Essen - RB Leipzig
Wehen Wiesbaden - 1. FSV Mainz 05
FC Ingolstadt 04 - 1. FC Kaiserslautern
SV Sandhausen - 1. FC Köln
SSV Ulm 1846 - Bayern München
Offenbacher Kickers - 1. FC Magdeburg
Carl-Zeiss Jena - Bayer Leverkusen
VfR Aalen - Schalke 04
Hansa Rostock - Hertha BSC
Hallescher FC - FC St. Pauli
VfL Osnabrück - SC Freiburg
Greifswalder FC - Union Berlin
TSV Schott Mainz - SpVgg Greuther Fürth
Teutonia Ottensen - Darmstadt 98
Viktoria Berlin - FC Augsburg
Alemannia Aachen - Holstein Kiel