Iwwer 10 oder 5,5 Kilometer konnten d'Leefer an d'Leeferinnen un den Depart goen an och fir d'Kanner gouf et zwou Courssen.

Wann et e Präis bei eis am Ländche géif ginn, fir déi Lafcourse mat där sympatheschster Atmosphäre, da géif de Menster Widdebierglaf zum enke Favorittekrees zielen. Hei ass virun der Course, wärenddeem a virun allem duerno eng richteg lass.

Mike, Marc, Rosalie, Sofia, etc - Zu Menster ass een net nëmmen eng Nummer, mee et huet een och e Virnumm. Op den éischte Bléck gesäit et op der Arrivée liicht chaotesch aus, d’Kanner maache sech e Spaass draus, jidderengem, deen ukënnt, an d’Hand ze klatschen, mä och dat dréit zum spezielle Charme vun der Manifestatioun bäi.

De Widdebierg ass wuel net esou héich wéi een dat um Logo kéint unhuelen, mä ëmmerhi sinn et 386 Meter, dat ass net grad näischt. E schwéiere Parcours deemno, eng Mëschung tëschent Stroosselaf an Trail, déi een och hätt kéinten "Op de Spuere vun de Kelten" nennen. Um Widdebierg gouf nämlech eng Plaquette fonnt, mat den Nimm vu keltesche Gëttinnen drop. Ob wärend der 5km- oder 10km-Course, d’Leefer kruten ënnerwee Waasser, aus der Quell vum Widdebierg zerwéiert.

An der Lëscht vun de Gewënner fënnt een Nimm vu viru Jore  
renomméierte Leefer, wéi Gloden, Hoeser, Schmit, Kaber an de Yonas Kinde 5 Mol. Zanter e Samschdeg ass de Lëtzebuerger 6 Mol zu Mensder als Gewënner iwwer d’Linn gelaf.
 
Wann am Bësch an an interessanter Natur gelaf gëtt, dann ass et schwéier dem Liz Nepper d’Waasser ze reechen, sou war dat och e Samschdeg mat enger 1. Plaz de Fall.

Déi komplett Resultater fannt Dir hei.
 
175 Kanner, verdeelt op 2 verschidde Courssen, haten och hir Plaz am Programm.

Den Erléiss vun der Manifestatioun ass fir de gudden Zweck.  D’lescht Joer waren dat 8.500 Euro.