Chris Philipps iwwer den Niveau vun der BGL Ligue
Ufank Juli koum de Chris Philipps a béiden Testmatcher vun der Futtballnationalekipp géint Frankräich an d'Belsch zum Asaz.
Mëttlerweil spillt de fréiere Profi vun ënnert anerem dem FC Metz, Legia Warschau an och Preussen Münster zu Wolz am Lëtzebuerger Futtballchampionnat. De Wëlzer Kapitän gesäit tëscht de Championnater souwuel Ënnerscheeder wéi och Parallellen.
Déi 55. Minutt zu Metz viru ronn 2 Wochen. No sengem leschte Match 2021 koum de Chris Philipps zu senger 55. Selektioun. Mëttlerweil spillt de polyvalente Spiller zanter 2020 beim FC Wolz 71. Nieft him a sengem Co-Equipier Ralph Schon goufen nëmmen zwee Spiller aus der ieweschter Divisioun aus dem nationale Futtball fir déi béid Lännermatcher selektionéiert. Mat der Kritik um Niveau vum Championnat ass de Chris Philipps awer net d'Accord.
Wärend deene leschte Jore sollt de Chris Philipps och schonn emol déi eng oder aner Kéier nominéiert ginn. Blessuren oder ee positive Corona-Test hunn den 30 Joer ale Lëtzebuerger awer ausgebremst.
Mat senge gudde Performancen a béiden Testmatcher huet sech de Kapitän vum FC Wolz 71 och fir déi nei Nations-League-Campagne am September proposéiert. Fir hie schlummeren och weider Talenter am Lëtzebuerger Championnat, och wann et am Grand-Duché keng Profiskonditioune ginn.
Am Podcast “Drëtt Hallschent – De Sporttalk” huet de Chris Philipps donieft ënner anerem och iwwer seng Zukunft an der Nationalekipp geschwat.