Holland wënnt 3:0 géint Rumänien, Tierkei klappt Éisträich
En Dënschdeg den Owend goufen déi lescht Aachtelsfinallen op der Futtball Europameeschterschaft an Däitschland gespillt.
Duerch Goler vum Cody Gakpo an engem Doublé vum agewiesselten Donyell Malen konnt sech d'Oranje géint Rumänien behaapten. De Géigner aus der Véierelsfinall ass an der Partie Éisträich géint d'Tierkei ermëttelt ginn. Hei huet d'Tierkei 2:1 gewonnen.
Rumäninen - Holland
1:0 Gakpo (20'), 2:0 Malen (83'), 3:0 Malen (90'+3)
Rumänien hat sech e bëssen iwwerraschend als Éischten, virun der Belsch am Grupp E, fir d'Aachtelsfinall qualifizéiert. Géint d'Hollänner, déi Drëtt aus dem Grupp D, waren si um Pabeier den Underdog. Dovun huet een an der Ufanksphas awer näischt gesinn. Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt. Et goufe vill Zweekämpf an déi zwou Formatioune konnte sech och hir Golchancen erausspillen. Déi wuel bescht Aktioun haten d'Rumänen an der 14. Minutt duerch een Distanzschoss vum Dennis Man. Dem Spiller vu Parma Calcio säi Schoss goung awer knapps driwwer.
An der Suite ass awer och Holland offensiv méi aktiv ginn. No 20 Minutte konnt de Cody Gakpo d'Oranje mat engem secken Distanzschoss an de kuerzen Eck a Féierung bréngen. No engem Korner hätt de Stefan De Vrij 6 Minutten drop de Score op 2:0 kënne stellen. Säi Kappball goung aus kuerzer Distanz awer knapp laanscht de Gol. D'Ekipp vum Ronald Koeman huet weider op de Gas gedréckt, mee entweder d'Rumänen haten ëmmer nees ee Been dertëscht oder den Hollänner huet et un der néideger Konsequenz am Ofschloss gefeelt. Beim Stand vun 1:0 goufen d'Säite gewiesselt.
Och no der Paus war Holland déi spillbestëmmend Ekipp, mee weder de Reijnders (49') nach de Van Djik per Kapp (59') kruten de Ball eragesat. An der 63. Minutt hat de Cody Gakpo eigentlech den 2:0 markéiert. No Récksprooch mam VAR gouf dëse Gol awer annuléiert. De Spiller vum FC Liverpool stoung am Abseits. Rumänien huet et zwar ëmmer nees offensiv probéiert, huet awer missen oppassen, fir op der anerer Säit net den 2:0 geschoss ze kréien. No 73 Minutten hunn dem agewiesselte Joey Veerman nëmme Millimeter gefeelt. An der Schlussphas war et dunn awer geschitt. Den agewiesselten Donyell Malen konnt no engem Malentendu an der rumänescher Defense den 2:0 markéieren. An der Nospillzäit war et op en Neits de Spiller vu Borussia Dortmund, deen no engem Konter op 3:0 gestallt huet.
Um Enn ass et och bei dësem Resultat bliwwen. D'Ekipp ronderëm de Virgil Van Dijk steet verdéngt an der Véierelsfinall a krit et elo mam der Tierkei ze dinn. Fir Rumänien ass d'Europameeschterschaft domadder eriwwer. Op hire Parcours kënne si trotzdeem houfreg sinn.
Éisträich - Tierkei
0:1 Merih Demiral (1'), 0:2 Merih Demiral (59'), 1:2 Michael Gregoritsch (66')
Et war déi éischte Kéier, datt béid Ekippen op engem Turnéier géintenee gespillt hunn. Dat lescht Duell geet awer zeréck an de Mäerz vun dësem Joer. Viru ronn 3 Méint konnt sech Éisträich an engem Testmatch 6:1 zu Wien géint d’Tierkei behaapten. D’Tierke waren also op Revanche aus. Mam Éischten aus dem Grupp E hat d’Ekipp vum Bosporus awer alles anescht wéi eng einfach Aufgab viru sech. D’Ekipp vum Ralf Rangnick konnt sech viru Frankräich an Holland fir d’Aachtelsfinall qualifizéieren. D’Tierke sinn hannert Portugal als Zweeten am Grupp F weiderkomm.
D’Tierkei ouni hire giel-gespaarte Kapitän Hakan Calhanoglu huet d‘Eisträicher direkt geschockt. No 57 Sekonnen ass dem Arda Güler säi sec geschossene Corner iwwer Ëmweeër beim Merih Demiral gelant an de Spiller vun Al-Ahli huet de Ball fir den 1:0 ënnert d’Latt eragesat. Direkt am Géigenzuch hätt de Christoph Baumgartner bal den Ausgläich markéiert. Säi Schoss goung nëmme ganz knapp laanscht de Potto. An der 6. Minutt hätt Éisträich quasi op Copy-Paste hi vum 1:0 vun der Tierkei de Score egaliséiert. De Ball ass awer laanscht alleguer d’Spiller an den Aus gerullt. Eng geckeg Ufanksphas zu Leipzig.
Déi nächst Golchance huet dunn awer 20 Minutten op sech waarde gelooss. Op en Neits huet de Merih Demiral no engem Corner ënnert Beweis gestallt, wéi staark d’Tierken no Standards kënne sinn. De Kappball war awer esou just net cadréiert genuch. Duerno ass de Match ofgeflaacht an et goung mam 1:0 an d’Paus.
Nom Säitewiessel wollt Éisträich esou séier wéi méi den Ausgläich markéieren an huet och direkt eppes fir d’Spill gemaach. No 51 Minutten ass de Marko Arnautovic eleng virum Mert Gunok opgetaucht, ass awer um tierkesche Golkipp hänke bliwwen. Ronn 10 Minutte méi spéit huet d’Tierkei awer op en Neits zougeschloen. No engem Corner vum Güler war et nees den Demiral, deen de Score op 2:0 stelle konnt. Eng Äntwert vun den Éisträicher huet net all ze laang op sech waarde gelooss. No engem weidere Corner stoung den agewiesselte Michael Gregoritsch um zweete Potto ganz eleng a konnt de Ball zum 1:2 eraschären. Bis dohin: de Match vun de Standards.
Éisträich huet an der Schlussphas nach eng Kéier alles no virgehäit, um Enn ass et awer beim 1:2 bliwwen, dat och wéinst enger staarker Parad vum Gunok an der leschter Minutt vun der Nospillzäit. Domadder steet d’Tierkei fir déi éischte Kéier zanter 2008 rëm an der Véierelsfinall vun enger EM. E Samschdeg kréie si et mat Holland ze dinn.