Am Volleyball goufen en Dënschdeg d‘Aachtelsfinallen an der Coupe de Luxembourg gezunn.

Fir déi éischte Kéier gouf den Escher Volleyball Club mat der Organisatioun vun der Assemblée générale vun der Lëtzebuerger Volleyball Federatioun beoptraagt. An iwwer 3 Stonnen hunn d'Veräiner déi verschidde Punkte vum Ordre du jour ofgeschafft a sech deels ganz intensiv mat abruecht.

Een Uleies vu verschiddene Veräiner war et, d'Duebelfunktioun vu Veräins- a Nationaltrainer ofzeschafen. Dëst gouf am Virfeld vun der AG a Reuniounen a Sondagen diskutéiert, mam Resultat, datt d'Proposen, déi d'FLVB de Veräiner virgeluecht hat, um Enn net vun der Majoritéit zréckbehale gouf an et domat beim Status Quo bleift. En anert Suergekand vun de Clibb waren déi ëmmer méi héich Ufuerderungen un de Benevolat.

Eng Konsequenz, déi aus enger ganz positiver Evolutioun entspréngt:

An de leschten 10 Joer huet d'Volleyballsfederatioun d'Unzuel vun hiren aktive Lizenze vun 1.600 op iwwer 3.200 verduebelt. Et ass eng Erausfuerderung, fir mat där grousser Quantitéit och déi noutwenneg Qualitéit erauszekréien, awer do deet sech elo eppes an der Formatioun.

Sollt dat alles klappen, sinn déi nei jonk Volleyballer eng Kéier prett, fir sech och op internationalem Terrain ze beweisen. Duerch d'Antrieden a Middle European Volleyball Zonal Association sinn international Kompetitiounen an den Alterskategorien U18 bis U22 méiglech. Op d'mannst mol theoretesch, well all Participatioun mat héije Käschte verbonnen ass, an do feelt et un der noutwenneger Ënnerstëtzung.
 
D'Presidentin vun der Volleyballfederatioun ass ganz houfreg op d'Resultater vun der Dammen- wéi  och der Härennationalekipp an der European League.
 
Fir, datt et och am Beachvolleyball an den nächste Jore weider biergop geet, ass déi laang gefuerdert Beachhal endlech op de Schinnen.
 
Nodeems nach zwee nei Veräiner an d'FLVB opgeholl goufen, sinn d'Aachtelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg geloust ginn:

Bei den Hären kritt ënner anerem Luerenzweiler Besuch vu Bartreng. Stengefort aus der drëtter Divisioun muss géint den Doublégewënner Stroossen untrieden.

Bei den Dammen ass et ënnert anerem de Match Stengefort géint den Coupeverdeedeger Mamer.