Out fir de Jannik Sinner, Donna Vekic eng éischte Kéier an der 1/2-Finall

© afp
Bei de Hären huet d'Nummer 1 vun der Welt Jannik Sinner sech misse géint den Daniil Medvedev geschloe ginn. De Carlos Alcaraz koum eng Ronn weider.
Et war eng spannend Véierelsfinall beim Grand-Slam-Turnéier zu Wimbledon tëscht dem Jannik Sinner an dem Daniil Medvedev, déi iwwer déi maximal Distanz vu 5 Sätz goung. Nodeems de Sinner den éischte Saz mat 7:6 fir sech entscheet hat, huet de Medvedev zréckgeschloen an déi nächst zwee Sette mat 6:4 a 7:6 gewonnen. D'Nummer 1 vun der Welt huet am 4. Saz mat 6:2 d'Iwwerhand behalen. Am entscheedende Set hat de Medvedev awer dee längsten Otem a konnt dee mat 6:3 gewannen.
An der Halleffinall spillt de Medvedev géint den Titelverdeedeger Carlos Alcaraz. De Spuenier huet sech a senger Partie am Ufank schwéier géint den Amerikaner Tommy Paul gedoen an den éischte Saz 5:7 verluer. An der Suite huet den Alcaraz säi Spill verbessert an déi nächst Sätz mat 6:4, 6:2 a 6:2 gewonnen.
Bei den Dammen huet sech Donna Vekic fir d'éischte Kéier an hirer Karriär fir d'Halleffinall zu Wimbledon qualifizéiert. An der Ronn vun de leschten 8 huet sech d'Kroatin mat 5:7, 6:4 a 6:1 géint Lulu Sun aus Neiséiland behaapt.
Déi nächst Géignerin an der Halleffinall ass d'Jasmine Paolini. D'Italieenerin huet an hirer Partie kloer 6:2 a 6:1 géint d'Amerikanerin Emma Navarro d'Iwwerhand behalen.