No 45 Minutte goufen d'Säite mat 0:0 gewiesselt, no enger e bëssen enttäuschender Leeschtung och vun de Roude Léiwinnen.

Resumé EM-Qualifikatioun am Futtball / Reportage Serge Olmo

D'Ekipp vum Trainer Dan Santos hat virun der Paus just eng Gol-Chance an dat mam Joana Lourenco. Nom Säitewiessel hunn d'Lëtzebuergerinnen am Stade Emile Mayrisch, dat viru 587 Spectateuren, mat der richteger Mentalitéit ugefaangen.

No engem Corner vum Marta Estevez an der 48. Minutt huet d'Kapitänin Laura Miller den 1:0 markéiert. Kuerz drop hätt d'FLF-Selektioun kënnen op 2:0 erhéijen mee et war e bësse Pech am Spill.

An der 53. huet d'Lisette Tammik en herrlechen "Fallrückzieher" erageschoss zum 1:1. Dono war de Match weider equilibréiert a béid Formatiounen hunn d'Decisioun gesicht.

Déi lescht Lëtzebuerger Golchance war fir d'Caroline Jorge an der 93. Minutt. Nom 1:1 Remis bleiwen d'Lëtzebuergerinnen op der 2 Plaz vum Grupp C5 virun Estland. Albanien kann op der 1. Plaz net méi erëmgeholl ginn. De Retourmatch ass den nächsten Dënschdeg zu Tartu an Estland.