D'Ni Xia Lian steet am zweeten Tour
E Samschdeg den Owend waren déi dräi Lëtzebuerger Dëschtennisspiller bei den Olympesche Spiller gefuerdert.
Mam Ni Xia Lian huet et just ee vun den dräi FLTT-Vertrieder an déi 2. Ronn gepackt. Déi 61 Joer al Lëtzebuergerin huet mat 4:2 géint d'Sibel Altinkaya aus der Tierkei gewonnen.
Direkt am Ufank huet et no enger klorer Saach fir d'Lëtzebuerger Spillerin ausgesinn. No 3:0 konnt hir Géignerin awer nach emol op 2:3 verkierzen. D'Ni Xia Lian sot am Interview, dass si an der Vergaangenheet schonn e puer Mol géint déi tierkesch Spillerin gespillt huet: "Wéi ech esou wäit vir war, war ech ze konservativ. An hatt hat näischt méi ze verléieren." Dat wier ebe Sport, esou déi 61 Joer al Athletin. Am Dëschtennis wier dat eent d'Technik, dobäi kënnt awer de Kapp an d'psychologescht Spill.
Op d'Fro wisou si de Match awer ënner Kontroll gehalen huet, sot si: "Because I know I am better. I can win when I play good. So I cannot wait anymore. I have to be aggressive. I have to do better."
An der nächster Ronn wäert d'Ni Xia Lian géint déi aktuell Nummer 1 vun der Welt spillen. Dat wier eng eemoleg Chance, esou d'Ni Xia Lian. "Ech wënsche mer e schéine Match, mee ech wäert fir all Punkt alles ginn."
Datt si bei der Erëffnungszeremonie op der Seine konnt de Lëtzebuerger Fändel droen, wier eng grouss Éier gewiescht, esou nach d’Dëschtennisspillerin.
Sarah De Nutte: "Ech wousst, dass et schwéier gëtt"
Fir d'Sarah De Nutte ass no der éischter Ronn Schluss. Si huet sech misse mat 2:4 géint d'Jieni Shao geschloe ginn.
De Match vum Sarah De Nutte géint déi portugisesch Spillerin war um Enn ganz knapp. D'Lëtzebuergerin an enger éischter Reaktioun kuerz nom Match: "Ech wousst, dass et schwéier wäert ginn, dee Match ze gewannen. Ech hunn alles ginn."
D'Spillerin wier elo net ganz onzefridden, wier et de bis elo beschte Match géint si als Géignerin gewiescht. Ma natierlech hätt si de Match awer léiwer gewonnen.
Fir d’Sarah De Nutte sinn et déi zweet Spiller no Tokio. A Japan waren d'Olympesch Spiller 2021 wéinst Corona ouni Public. Elo zu Paräis an der Sportshal wier d'Stëmmung extrem gutt gewiescht: "Et ass natierlech en anere Feeling, wann do 6.000 Leit sëtzen. Et sinn och vill Leit, déi fir mech geruff hunn, och franséisch Zuschauer, vläicht well ech am franséische Championnat spillen, natierlech hëlleft dat dann, dass d'Leit mech och hei bësse kennen, mee jo, d'Ambiance war mega, et ass natierlech schued, dass ech elo kee Match méi hei ze spille kréien."
Luka Mladenovic "Ech hunn alles gemaach"
Fir de Luka Mladenovic, dee sech als éischte Lëtzebuerger Dëschtennisspiller fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert hat, war de Jonathan Groth eng Nummer ze grouss. De Lëtzebuerger huet mat 1:4 géint den Dän de Kierzere gezunn. An der Weltranglëscht steet de Groth op Plaz 23. De Lëtzebuerger ass den 90..
Den éischte Saz wier entscheedend fir de Rescht vum Match, esou de Luka Mladenovic am Interview. Säi Géigner wier besser an de Match komm:
"Ech wousst, dass ech muss direkt e gudde Start hunn an direkt zouschloen, fir dass hien och e bëssen un d'Nerve kënnt, fir dass en e bësse méi nervös ass."
De Lëtzebuerger huet direkt den éischte Saz verluer an och den zweeten huet hie relativ séier verluer. Duerch d'Stëmmung an der Hal hätt den Dëschtennisspiller versicht, sech nei ze motivéieren: "All déi Leit, déi hei sinn, déi eng mega Stëmmung maachen, meng Famill, meng Frënn, déi all Punkte feieren. Do hunn ech mir einfach emol geduecht, probéier nach e bësse méi kreativ ze spillen, e bësse méi fräi."
De Jonathan Groth wier einfach besser an d'Spill komm. "Hie war einfach haut bei allem e Schrëtt viraus", esou de Lëtzebuerger. Dat wier och säi Plang gewiescht, deen net opgaange wier.
Den olympesche Flair hätt hie genoss. Et wier schonn eppes Spezielles, wann een den Nadal, den Alcaraz oder de Murray emol einfach esou begéint.
"Ech hunn alles gemaach fir haut. A probéiere lo déi nächst Deeg awer nach hei maximal ze genéissen. Och aner Sportaarte kucken ze goen."