De Ralph Daleiden Ciuferri verpasst de Sprong an d'1/2-Finallen
Am 6. Virlaf war de Lëtzebuerger Schwëmmer op den 100 Meter Crawl eng Zäit vun 49.12 Sekonne geschwommen.
De Ralph Daleiden Ciuferri ass bei senger éischter Participatioun vun den Olympesche Spiller op déi 30. Plaz vun am Ganzen 79 Schwëmmer komm. Am 6. Virlaf war hien op 100 Meter Crawl e Chrono vun 49.12 Sekonne geschwommen. Eng Zäit vun ënner 48.41 Sekonne wier allerdéngs néideg gewiescht, fir sech eng Plaz ënnert deene beschte 16 Schwëmmer an domat an der 1/2-Finall ze sécheren. D'Beschtzäit vun de Virleef huet den US-Amerikaner Jack Alexy mat enger Zäit vu 47.57 Sekonne opgestallt.
No der Course huet de Lëtzebuerger Schwëmmer mat der RTL-Ekipp op der Plaz iwwert seng Leeschtung geschwat:
"Ech wier gären eng besser Zäit geschwommen, eng ënner 49 Sekonnen. Ech mengen och, dass ech déi a mer hat, mee et sinn olympesch Spiller. Do leeft et net ëmmer wéi ee wëll. Mee ech sinn trotzdeem frou, dobäi gewiescht ze sinn. Ech muss mat mengem Trainer d'Analys maachen, wat ech falsch gemaach hunn. Mee ech sinn awer nach eng korrekt Course geschwommen. Beim Aschwammen hunn ech mech richteg gutt gefillt a si gutt Zäite geschwommen. Dofir muss an der Course awer iergendeppes falsch gaange sinn."
Fir de Ralph Daleiden Ciuferri ass d'Zäit an der franséischer Haaptstad awer nach net direkt eriwwer:
"Ech bleiwen nach e bëssen zu Paräis, kucke mer elo nach d'Finallen am Schwammen un a ginn an den nächsten Deeg an de Liichtathletikstadion. Dono hunn och endlech e bësse Vakanz."